Rolas

Rolas[1] ass eng 3 km² kleng Insel déi zum afrikaneschen Inselstaat São Tomé a Príncipe am Archipel vum Golf vu Guinea gehéiert. Si gehéiert…

Rolas
Rolas
Geographie
Land São Tomé a Príncipe
Läit an/am Golf vu Guinea
Koordinaten 0° 00’ 17.2’’ S 6° 31’ 21.2’’ O
Fläch 3 km²
Verwaltung
Staatsleedung
Demographie
Awunner 76
Awunnerdatum 2012
Aner Informatiounen

Rolas[1] ass eng 3 km² kleng Insel déi zum afrikaneschen Inselstaat São Tomé a Príncipe am Archipel vum Golf vu Guinea gehéiert. Si gehéiert zum Distrikt Caué an der Provënz São Tomé.

Déi vulkanesch Insel (net méi aktiv) läit direkt um Equator südlech vun der Insel São Tomé. Si ass virun allem fir hir schéi Plagen a Palmen am norde vun der Insel bekannt. Et kënnt ee just mam Schëff vu Porto Alegre aus, dohin.

Déi 200 permanent Awunner liewe vum Tourismus zanter e Luxusresort sech am Norde vun der Insel etabléiert huet. D'Uertschaft São Francisco läit och op der Nordküst vu Rolas. Um Nordrand markéiert e Monument déi genee Positioun vum Equator: eng Weltkaart aus Mosaik op där eng Messengssträif de Breedegrad "Null" markéiert an eng Sail déi d'Lag vun der Insel uweist.

An der Mëtt vun der Insel steet en ale Liichttuerm, deen nach a Betrib ass.

Ganz am Süde vu Rolas gëtt et e puer Furnas, eng Aart kleng Geysiren.

Um Spaweck

 Commons: Rolas – Biller, Videoen an Audiodateien


Referenzen

  1. ↑ Rolas gëtt och nach Ilha Gago Coutinho genannt, nom portugisesche Pilot, Geograph a Militär Gago Coutinho (1869-1959).


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.