Equator
Den Equator (lat. „Gläichmécher“) ass dee Grousskrees vun enger Kugel oder vun engem Planéit, dee vu béide Pole gläich wäit ewech ass. Et ass deen een…

Den Equator (blo) deelt d'Kugel an zwou Hallschenten a kräizt de Meridian (giel) ënner 90°. Wéi all aner duerchgezunne Linne vun dësem Bild ass den Equator ee Grousskrees. Déi gestréchelt Linne sinn d'Breetekreesser.
Den Equator (lat. „Gläichmécher“) ass dee Grousskrees vun enger Kugel oder vun engem Planéit, dee vu béide Pole gläich wäit ewech ass. Et ass deen eenzege Breetekrees, dee gläichzäiteg ee Grousskrees ass, also déi kierzt Verbindung tëscht all senge Punkten duerstellt. Seng geographesch Breet ass 0°.
D'Rotatiounsachs vun engem astronomeschen Objet gëtt am Zentrum als Normaldefinéiert – dat ass am Allgemengen de Schwéierpunkt – eng Fläch. Dës Fläch heescht Equatorfläch. Den Equator ass d'Schnëttlinn vun der Equatorfläch mat der Uewerfläch. D'Projektioun vum Equator op d'Himmelssphär ass den Himmelsequator.
Aus direkte Grënn gëtt den Äerdequator einfach „Equator“ genannt.
Äerdequator


De Verlaf vum Equator
Den Equator vun der Äerd (theoreeteschen Duerchmiesser 12.756,26817 km), féiert duerch Afrika, d'Malediven an den Indeschen Ozean, Indonesien, d'zentralpazifesch Mikronesien a Südamerika. Den Equator trennt dobäi d'Nord- vun der Südhallefkugel. De Mëttelpunkt vum Equatorkrees fält mat deem vun der Kugel zesummen. Wéinst de liichte periodesche Beweegunge vun der Äerdachs kann de momentanen Equator op enger Plaz bis zu ronn 10 Meter vum mëttleren Equator ewech sinn. Déi theoreetesch Längt, respektiv den Ëmfang vum Equator ass 40.075,016686 km.[1]
Um Land geet den Equator duerch 11 Staaten:
Ecuador (huet säin Numm och vum Equator)
Kolumbien
Brasilien
São Tomé a Príncipe
Gabun
Republik Kongo
Demokratesch Republik Kongo
Uganda
Kenia
Somalia
Indonesien
Donieft geet den Equator nach iwwer e puer Inselgruppen ewech, leeft awer net iwwer hir Landfläch. Dozou gehéieren d'Malediven a verschidden Inselgruppe vum Pazifik.
Véier Haaptstied leien zimmlech no beim Equator:
- Quito (20 km südlech vum Equator) -
Ecuador - Libreville (40 km nërdlech vum Equator) -
Gabun - São Tomé (35 km nërdlech vum Equator) -
São Tomé a Príncipe - Kampala (35 km nërdlech vum Equator) -
Uganda
Am Koordinatesystem vun der Äerd (analog och um Äerdmound oder op den Himmels-Globen) zielt déi geographesch Breet vum Equator no Norden positiv, no Süden negativ. Am englesche Sproochraum gëtt och N oder S derbäigesat - z. B. 52°N fir Berlin, 52°S fir d'Falklandinselen.
Laanscht den Äerdequator entsprécht eng Séimeil genee enger Bouminutt. Sou war d'Séimeil (ofgekierzt sm; engl. nautical mile, NM) fréier definéiert. No der Aféierung vum metresche System ergëtt sech haut eng ëm 10 cm méi laang Mooss fir eng Bouminutt um Equator. De Wäert vun der Séimeil vun 1.852 Meter ergëtt sech aus dem mëttleren Äerdradius (6.370 km). Och déi fréier Definitioun vum Meter war vun der Längt vum Äerdequator resp. vun de Meridianen (soll 40.000.000 Meter entspriechen) ofgeleet.
Himmelsequator
Den Himmelsequator ass de Grousskrees op der geduechter Himmelskugel, op där e vun der Fläch vum Äerdequator geschnidde gëtt. Anescht ausgedréckt: Hien deelt d'Himmelskugel an eng Nord- an eng Südhalschent.
Well d'Äerdachs géintiwwer der Fläch vum Sonnesystem gebéit ass, schneid den Himmelsequator d'Ekliptik – déi visuell Fläch vun der Ëmlafbunn vun der Sonn ëm d'Äerd – ënner engem Wénkel vun 23,44° (Schréi vun der Ekliptik). Déi zwéi Schnëttpunkte ginn als Fréijoerspunkt resp. Hierschtpunkt bezeechent, well sech an hinnen d'Projektioun vun der Sonn un déi visuell Himmelskugel zu den Dag-an-Nuechtgläichen am Fréijoer resp. Hierscht ophält.
Plazen um Himmelsequator hunn am equatoriale Koordinatesystem d'Deklinatioun 0°, eng Poldistanz vun 90°, hir Rektaszensioun gëtt vum Fréijoerspunkt aus gemooss.
Well d'Äerdachs eng Prezessiounsbeweegung huet, ännert sech am Laf vun der Zäit och den Himmelsequator.
Literatur
- Joachim Herrmann: dtv-Atlas Astronomie. Dtv, Mäerz 2005. ISBN 3-423-03267-7
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Equator – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ http://earth-info.nga.mil/GandG/publications/tr8350.2/tr8350_2.html NIMA Technical Report TR8350.2
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.