Redu

Redu ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Libin an der Provënz Lëtzebuerg.

Redu
Redu
An anere Sproochen wa: Ridû
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Libin
Awunner  (2001)
Koordinaten 50° 00’ 25.41’’ N
      05° 09’ 36.65’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6890
Websäit https://www.redu-villagedulivre.be

Redu ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Libin an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Redu eng eegestänneg Gemeng déi aus den Uertschafte Lesse, Redu a Séchery bestanen huet. Dozou hunn nach follgend Häff a Lieu-dite gehéiert: Bonhé, Boucats, Bracantième, Champs des Fonds, Cortil là-haut, Fougères, Hamaide, Hérin, Hesse al Fosse, Molhan, Moranfosse, a Rot. Déi fréier Gemeng war 1823 gegrënnt ginn, a koum 1839 bei d'Provënz Lëtzebuerg.

Redu ass virun allem ënner dem Numm "Redu, village du livre" (Duerf vum Buch) bekannt. 1984 gouf am Bicherduerf nom walisesche Modell vun Hay-on-Wye den éischte Bichermaart um Kontinent ofgehalen, deen iwwer den Ouschterweekend 15.000 Visiteuren ugezunn huet. Haut gëtt et zu Redu eng 22 Bicherbutteker. All Joer kommen eng 200.000 Leit op Redu.

Ongeféier 1 km westlech vu Redu steet eng Antennestatioun vun der europäescher Weltraumorganisatioun. Si gehéiert zum ESTRACK, dem Netzwierk vun de Buedemstatioune vun der ESA. Am Nopeschduerf Transinne steet den Euro Space Center, dee Stagen an Aktivitéite proposéiert fir de Weltraum, d'Planéiten an d'Stären z'entdecken.

Um Spaweck

 Commons: Redu – Biller, Videoen an Audiodateien


Uertschaften an der Gemeng Libin

Sektiounen: Libin • Anloy • Ochamps • Redu • Smuid • Transinne • Villance


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.