NAOS
18:53:41 UTC
| NAOS (National Advanced Optical System) | |
|---|---|
| Typ | Äerdobservatiounssatellit |
| Land | Lëtzebuerg |
| COSPAR-Bezeechnung | 2025-188C |
| SATCAT-Bezeechnung | 65317 |
| Fabrikant | OHB Italia |
| Liewensdauer | 7 + 3 Joer |
| Bedreiwer | LUXEOps |
| Start | 26.08.2025
18:53:41 UTC |
| Startgewiicht | 800 kg |
| Startplaz | |
| Drorakéit | Falcon 9 V1.2 (Block 5) |
| Status | aktiv |
Den NAOS (Akronym fir National Advanced Optical System) ass en Äerdobservatiounssatellit deen zum LUXEOSys System vum Lëtzebuerger Staat gehéiert. De LUXEOSys besteet nieft dem Satellit ë. a. och aus engem Buedemsegment[1].
Iwwersiicht
Den Observatiounssatellit dee mat enger Kamera mat ganz héijer Opléisung ekipéiert ass, kann am Kader vun der NATO-Memberschaft vu Lëtzebuerg fir militäresch an awer och fir zivil Zwecker benotzt ginn. En huet eng Liewensdauer vun op d'mannst siwe bis maximal zéng Joer an e ka weltwäit – mat Ausnam vun de béide Polen – bis zu 100 optesch Biller den Dag an enger ganz héijer Opléisung liwweren; all Bild couvréiert eng Fläch vun 10×10 km. De Satellit ass optimiséiert fir den NATO-Interesseberäich, also den zentrale Mëttelmierraum bis an d'Sahelzon z'iwwerwaachen.
De Satellit ass de 26. August 2025 um 18:53:41 UTC[2] mat enger Falcon 9 Block 5-Rakéit vu SpaceX vun der Vandenberg Space Force Base a Kalifornien aus op eng sonnesynchron Ëmlafbunn op enger Héicht vun ≈450 km gesat ginn. En ass net geostationéiert, mee kreest 15-mol den Dag ronderëm d'Äerd (eemol all 94 Minutten).
Ursprénglech hätt de Satellit – deen am November 2023 fäerdeg gebaut war – mat enger Drorakéit vun der franséischer Arianespace solle lancéiert ginn. Well déi Firma awer héich Retarde fir nei Rakéiten hat, gouf uganks 2024 decidéiert de Satellit mat enger Rakéit vu SpaceX op Orbit ze setzen.
Asazberäicher
De Satellit gëtt ë. a. a follgende Beräicher agesat:
- Militäresch Operatiounen,
- Sécherheet,
- Iwwerwaachung vun Ofrëschtungsverträg,
- Observatioun vun Truppebeweegungen a Konfliktzonen,
- Mënschlech Katastrophen an humanitär Hëllef,
- Gestioun vun Naturkatastrophen,
- Klimawandel.
De LUXEOSys gëtt vu LUXEOPs, engem Konsortium aus RHEA System Lëtzebuerg, LUXSPACE, OHB a RHEA System bedriwwen[3].
Geschicht
De Projet vum Observatiounssatellit ass tëscht 2016 an 2018 ënnert dem deemolege Wirtschafts- a Verdeedegungsminister Étienne Schneider (LSAP) entstanen.
Am Projet de loi 7264 vun 2018[4] fir de Kaf, de Lancement an d'Exploitatioun vum Satellit war keng Finazéierungsfiche derbäi, well déi vun der Regierung als vertraulech klasséiert gi war. Doraus ergëtt sech, datt de Projet an den zoustännege Chamberkommissiounen diskutéiert gouf, ouni datt richteg Informatiounen iwwer d'Detailer an de finanziellen Ëmfang vum Projet virlouchen. D'Gesetz fir de Kaf, d'Lancement an d'Exploitatioun vum Satellit fir e Budget vu maximal 170 Milliounen Euro (iwwer 14 Joer) gouf de 14. August 2018, kuerz virun de Walen, an der Chamber mat 57 Stëmmen (blo-rout-gréng Majoritéit plus CSV an ADR) ugeholl, just Déi Lénk waren dergéint[5][6].
„Mat dësem Gesetz, dat et der Regierung erlaabt, e Buedemobservatiounssatellitt plus säi Buedemsegment ze kafen, ze lancéieren an ze exploitéieren, läit d'Regierung voll op de sougenannte Lignes directrices de la défense luxembourgeoise à l'horizon 2025. (…) De Projet de loi autoriséiert also e finanziellt Engagement vum Stat, dat plafonéiert ass op 170 Milliounen iwwer eng Period vu 14 Joer. An an där Zomm vun 170 Millioune sinn och d'Frais de gestion an och d'Margen abegraff. An déi Ausgaben do sinn à charge vum Fonds d'équipement militaire.“
Feelplangung, Desinformatioun an Intransparenz
Am September 2018 gëtt de Kontrakt mat der italieenescher Firma OHB-Italia (OHB-I) fir de Bau vum Satellit an engem Buedemsegment mat zwou Antennen ënnerschriwwen; zu deem Ament war gewosst, datt d'Firma eleng schonn 168 Millioune géif kréien, an datt kee Budget méi do wier fir d'Exploitatioun, den Ënnerhalt an déi technesch Ekipementer.
No de Chamberwale war elo de François Bausch (déi gréng) den neie Verdeedegungsminister. Deem waren d'Problemer mam Satellitteprojet am Juni/Juli 2019 bewosst ginn, mä et koum een net méi aus dem Kontrakt mat OHB-I eraus. De Minister huet dunn am August 2019 bei PwC Luxembourg eng Etüd an Optrag ginn, fir de Satellitteprojet z'analyséieren a Léisungen auszeschaffen.
D'Conclusioune vum PwC-Rapport, déi am Mee 2020 bekannt gi sinn, hunn eescht Problemer ernimmt wat d'Konzeptioun, d'Gestioun an d'Finanzement vum Projet ugeet. Sou misst ee vun engem Budget vun 350 Milliounen ausgoen, also dem Duebele vun deem wat ursprénglech virgesi war; ë. a. waren d’Operatiounskäschten (Personal, Antenneninfrastruktur, Buedemstatioun) net am Budget berécksiichtegt ginn. Dat war wéi et schéngt awer scho virum Vott an der Chamber gewosst, ouni datt et der Chamber matgedeelt gouf. De Patrick Heck deen 2018 Direkter vun der Direction de la Défense war, huet méi spéit – am Juni 2020 – och zouginn, datt de Projet iwwer de Knéi gebrach gouf an datt de Kontrakt mat OHB-I am September 2018 net hätt sollen ënnerschriwwe ginn.
Am PwC-Rapport koum och eraus, datt an der Viretüd vum Projet d'Faisabilitéit net komplett duerchduecht gouf. Sou sollt z. B. d'Buedemantenn vum Observatiounssatellit op den Härebierg kommen an d'Gestioun vum Datenzenter fir d'Satellittefotoe sollt vun der Lëtzebuerger Arméi iwwerholl ginn, ouni datt déi doriwwer an d'Bild gesat gouf. Den Ënnerhalt fir de ganze System war iwwerhaapt net an der Viretüd dran.
Verdacht op Favoritismus – Intransparenz bei der Wiel vum Fournisseur
D'Iddi fir de Lëtzebuerger Satellit geet der PWC-Analys no op d'Initiativ vun der Lëtzebuerger Firma Hitec zeréck, déi dem Étienne Schneider am September 2016 d'Konzept vun engem Äerdobservatiounssatellit virgestallt huet. De Projet kéint zesumme mat OHB-I realiséiert ginn, enger Firma aus dem Beräich vun der Weltraumtechnologie.
OHB-I gëtt uganks 2017 am Verdeedegungsministère empfaangen an de Projet gëtt duerno ëmmer méi konkreet.
An hirem Rapport weist PwC awer och nach drop hin, datt d'Gestioun vum Projet iwwerstierzt a chaotesch war an datt ë. a. och e Verdacht vu Favoritismus am Raum steet. Den Optrag (750.000 Euro) fir eng Viretüd iwwer den Design, d'Conceptioun an d'Ufuerderunge vum System ass un OHB-I gaangen. Op Basis vun enger Ausnamereegelung[8] gëtt vun der Direction de la Défense keng ëffentlech Ausschreiwung gemaach.
Och duerno koum et net zu engem Marché public. Fir ze probéieren, datt OHB-I mat hirem Präis erofgeet, gouf e Request for Information lancéiert, mat deem aner Firmaen hir technesch Léisungen an eng graff Käschterechnung proposéiere konnten. De Plang ass awer net opgaangen, well d'Konkurrenz (ë. a. Airbus) vill méi deier war. De Choix fir d'Commande ass du bei OHB-I bliwwen. PwC seet net kloer, ob et e Verstouss zum Marché-public-Gesetz gouf oder net.
Léisungen an Alternativen
Well et net realistesch ass sou wéi d'Viretüd dat skizzéiert hat, kënnt PwC zur Conclusioun, datt
- d'Buedemantenn net um Härebierg kann installéiert ginn, a se zu Redu an der Belsch sollt installéiert ginn (an datt eng sécher Kommunikatioun tëscht Lëtzebuerg an der Belsch muss virgesi ginn);
- datt d'Arméi sech net ëm den Datenzenter këmmere kann an och
- datt LuxGovSat d'Steierung vum Satellit fir 1,5 Milliounen Euro d'Joer net assuréiere kann.
Zousätzleche Budget
De 27. Mäerz 2020 gëtt de Projet de loi 7542 deposéiert an de 4. Dezember 2020 huet d'Chamber de Budget vum Satellitteprojet op 309 Milliounen Euro gehéicht; d'Gesetz gouf mat 31 Stëmmen (DP, déi gréng, LSAP) géint 29 (CSV, ADR, Piraten, Déi Lénk) ugeholl[9].
Spezialrapport vun der Cour des comptes
Nodeems de Verdeedegungsminister den 30. Mäerz 2020 der Budgetskontrollkommissioun de Gesetzesprojet 7542 fir d'Erhéijung vun der initialer Budgetsenveloppe presentéiert hat, huet d'Kommissioun Erklärunge bei den Instanze gefrot, déi um urspréngleche Projet bedeelegt waren. D'Kommissioun huet doriwwer e Rapport gemaach an der Chamber virgeluecht. Déi huet dunn den 19. November 2020 eng Resolutioun ugeholl, fir d'Cour des comptes ze froen, e Spezialrapport iwwer de LUXEOSys-Projet auszeschaffen.
A sengem Rapport vun 2022 kënnt de Rechnungshaff ë. a. zur Conclusioun datt et Dysfonctionnementer an der Konzeptioun, der Gestioun an dem Finanzement vum Projet goufen, datt d'Kontrollmechanismen net effikass ware fir de korrekte Käschtepunkt anzeschätzen, datt de ganze Projet e chaoteschen Oflaf hat.
D'Cour ass och der Meenung, datt déi uganks ugekënnegt Kommerzialisatioun vun de Satellittebiller eng Aewëscherei war fir de fir de Grand public fir de Projet ze begeeschteren; d'Kommerzialisatioun vun de Biller wär guer net méi aktuell.
Finanzement
De LUXEOSys gëtt gréisstendeels iwwer de Fonds d'équipement militaire finanzéiert. De Fong gouf 1997 fir eng Period vu fënnef Joer (1997–2001) gegrënnt[10] an ass méi spéit, am Dezember 2003, reaktivéiert ginn[11]. Et gëtt awer och Ausgaben, déi iwwer den normale Budget vun der Direction de la défense comptabiliséiert ginn.
| 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | ||
| Fonds d'équipement militaire | k.A. | 29.120.449 | 48.500.391 | 56.025.473 | 20.785.000 | 30.059.000 | 9.614.000 | |
| Budget vun der Direction de la défense | 819.000 | 541.323 | 1.412.894 | 1.496.020 | 741.857 | k.A. | k.A. | |
| Total | 819.000 | 29.661.772 | 49.913.285 | 57.521.493 | 21.526.857 | 30.059.000 | 9.614.000 | 199.115.407 |
k.A. = keng Angab
Um Spaweck
- Fotoe vum Lancement de 26. August 2025 op rtl.lu
- Video vum Lancement op X
- LUXEOSys op der Säit vun der Direction de la défense
- NAOS (LUXEOSys) op Gunter's Space Page
Quelle vum Artikel, wou net anescht uginn:
- Eescht Problemer bei Lëtzebuerger Militärsatellit, Radio 100komma7, 18. Mee 2020
- Gewosst, datt de Budget net duergeet, Radio 100komma7, 25. Mee 2020
- Fréieren Direkter vun der Defense gëtt Feeler zou, Radio 100komma7, 12. Juni 2020
- Etienne Schneider gouf gehéiert, Radio 100komma7, 29. Juni 2020
- Cour des Comptes: Kontrollmechanisme fir Luxeosys waren net effikass, Radio 100komma7, 12. Juli 2022
- Rapport spécial de la Cour des comptes sur la gestion financière du projet LUXEOSys, Cour des comptes, 2022
- Lëtzebuerg lancéiert neie LUXEOSys Satellit mat SpaceX, Radio 100komma7, 2. Februar 2024
Referenzen an Notten
- ↑ Prezisiounen vun der Direction de la défense op Nofro: „Den (National Advanced Optical System) ass de Satellitt selwer, de LUXEOSys (Luxembourg Earth Observation System) ass de ganze Programm. Den NAOS ass also Deel vum LUXEOSys, mee et ass net identesch.“
- ↑ (fr) Chronologie spatiale - Récapitulatif des lancements depuis 1957. Destination Orbite. Gekuckt de 27.08.2025.
- ↑ (en) NAOS (LUXEOSys). Gunter's Space Page. Gekuckt de 27.08.2025.
- ↑ (fr) Projet de loi autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploiter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la terre permettant au Gouvernement de satisfaire ses besoins et ses obligations en matière de défense. wdocs-pub.chd.lu (10.04.2018). Gekuckt den 28.08.2025.
- ↑ (fr) Loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploiter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre. data.legilux.public.lu (14.08.2018). Gekuckt de 27.08.2025.
- ↑ (fr) Bulletin de vote (vote public). Projet de loi 7264. Gekuckt de 27.08.2025.
- ↑ (lb) Chambre des Députés, Verbatim - séance publique du 24.07.2018. wdocs-pub.chd.lu (24.07.2018). Gekuckt den 28.08.2025.
- ↑ Les pouvoirs adjudicateurs (…) peuvent passer leurs marchés (…) sans publication préalable d'un avis de marché dans le cas des marchés de fournitures et de services pour des produits fabriqués uniquement à des fins de recherche et de développement. (Loi du 26 décembre 2012 sur les marchés publics de la défense et de la sécurité, article 28, 2b))
- ↑ (fr) Loi du 4 décembre 2020 portant modification de la loi du 14 août 2018 autorisant le Gouvernement à acquérir, lancer et exploiter un satellite et son segment sol destinés à l’observation de la Terre. data.legilux.public.lu (04.12.2020). Gekuckt de 27.08.2025.
- ↑ (fr) Loi du 16 décembre 1997 concernant la programmation financière militaire. data.legilux.public.lu (16.12.1997). Gekuckt de 26.08.2025.
- ↑ (fr) Loi du 19 décembre 2003 portant réactivation du fonds d'équipement militaire.. data.legilux.public.lu (19.12.2003). Gekuckt den 28.08.2025.
- ↑ Rapport spécial de la Cour des comptes sur la gestion financière du projet LUXEOSys, S. 13–14
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.