PostMusée

De PostMusée ass e Musée am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg haaptsächlech u…

PostMusée
PostMusée
Typ Musée
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Garer Quartier
Koordinaten 49°35'57,815"N, 6°7'57,522"O
Gestioun
Visiteuren/Joer
Um Spaweck http://www.postgroup.lu/de/le-groupe/culture
Gebai
Opgaangen 1980
Zougemaach 2017
Kollektioun
Exponater


De PostMusée ass e Musée am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, an deem d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg haaptsächlech unhand vun historeschen Exponate gewise gëtt. De Musée gouf 1980 vun engagéierte Fräiwëlleger an d'Liewe geruff[1].

E gëtt vun der Lëtzebuerger Post bedriwwen, an ass am Keller vum Accinautosgebai op der Garer Plaz, Eck Rue d'Épernay, ageriicht.

Den Entrée ass gratis. Visitte ginn nëmmen op Rendez-vous organiséiert[2].

Wéinst der Renovatioun vum Accinautosgebai huet de Musée seng Dieren am Joer 2017 zougemaach an déi ganz Kollektioun gouf an engem Lager stockéiert[1].

Exponaten

D'Sammlung setzt sech graff aus dräi Domainen zesummen:

  • Telekommunikatioun: Ausgestallt sinn al Telefons- a soss seele Kommunikationsapparater, wéi z. B. e Morseapparat, eng manuell an eng elektromechanesch Telefonzentral an d'Rekonstruktioun vun engem Schantje mat Telefonsleitungen.
  • Postwiesen: Hei stinn eng Postkutsch vun 1880, an en Original-Postguichet vun 1912 an e Büro vun enger Poststatioun. Ausserdeem sinn do all Timberen ze gesinn, déi zënter 1852 zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, sou wéi och al Drockplacke vu verschiddenen Timbersbéi, an och soss Uniformen a Geschier aus dem Postbetrib.
  • Postscheck: Ze gesi sinn al Objeten an Apparaten aus den Ufanksjore vum Postscheck.

Biller

Um Spaweck

 Commons: PostMusée – Biller, Videoen an Audiodateien


Referenzen an Notten

  1. ↑ 1,0 1,1 (fr) Dans les coulisses du patrimoine culturel de POST Luxembourg. www.post.lu. Gekuckt den 20.05.2026.
  2. ↑ Informatioun op der Websäit Das Postmuseum op postgroup.lu, gekuckt den 19. August 2018


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.