Timber
En Timber oder Käppchen ass e klengt Stéck Pabeier, dat op der Récksäit, wann een et fiicht mécht, pecheg ass (oder vum selwe pecht), mat virdrop enger opg…


En Timber oder Käppchen ass e klengt Stéck Pabeier, dat op der Récksäit, wann een et fiicht mécht, pecheg ass (oder vum selwe pecht), mat virdrop enger opgedréckter Illustratioun an engem bestëmmte Wäert. Andeems een en Timber op eng Postsendung (e Bréif oder e Pak z. B.) pecht, gëtt domat ugewisen, datt den Ofsender de Porto fir den Transport bezuelt huet, an en sou vun enger Postentreprise bei hiren Empfänger bruecht ka ginn.
Ier et Timbere gouf, huet den Empfänger misse bezuele fir säi Bréif ze kréien. Dëst huet zu Problemer gefouert, wann den Adressat de Bréif net wollt unhuelen, oder z. B. geplënnert an net ze fanne war. De Schott James Chalmers (1782-1853) war den Erfinder vum Timber dee vum selwe pecht. Den Englänner Rowland Hill huet 1837 de System entworf, no deem deen, deen e Bréif verschéckt, an net deen, un deen en adresséiert ass, de Porto fir den Transport misst bezuelen. Fir ze beweisen, datt de Porto bezuelt war, huet ee missen en Timber um Postbüro kafen, an deen op de Bréif pechen. Fir datt een den Timber nëmmen eemol gebrauche konnt, ass e vun der Post entwäert, d. h. mat engem Stempel markéiert ginn.
Den éischten Timber vun der Welt
D'Iddi vum Rowland Hill gouf gouf per Gesetz a Groussbritannien ëmgesat. De 6. Mee 1840 ass dunn deen alleréischten Timber, de sougenannte Penny Black, op ee Bréif gepecht ginn. Dësen éischten Timber weist e Portrait vun der Kinnigin Victoria, an d'Wierder POSTAGE a ONE PENNY, den Tarif. Et gouf kee Land uginn, well dovun ausgaange gouf, datt all Mënsch d'Kinnigin Victoria kenne géif. Groussbritannien huet bis haut just e Portrait vum Staatschef amplaz vum Numm vum Land.
Déi éischt Timberen zu Lëtzebuerg
Déi zwéin éischt Käppercher zu Lëtzebuerg koumen de 15. September 1852 eraus. Drop ze gesi war de Groussherzog Wëllem III..
-
Déi zwéi "Käppercher" mam Wëllem III., déi éischt Timberen zu Lëtzebuerg.
-
Dëse Block mam Wëllem IV., deen 1906 zu Lëtzebuerg erauskoum, ass den éischte Timbersblock vun der Welt.
Fir ze liesen
- Jean Frising, André Link: 150 Joer Käppercher: Luxemburgs Briefmarken, Bd. 1: 1852 - 1865, Bd. 2: 1966 - 2002, 2001/02, Ed. Saint-Paul
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Timberen – Biller, Videoen an Audiodateien |
- Lëtzebuergesch Timberen (fr) (de) (en)
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.