Portrait
E Portrait ass eng Molerei, eng Fotografie, eng Plastik oder soss eng kënschtleresch Representatioun vun enger oder méi Persounen. E Portrait soll net nëmmen…
E Portrait ass eng Molerei, eng Fotografie, eng Plastik oder soss eng kënschtleresch Representatioun vun enger oder méi Persounen. E Portrait soll net nëmmen e Glach mam Ausgesi vun enger Persoun hunn, mä och hir Perséinlechkeet oder hire Status, resp. hir Funktioun erëmspigelen. De Kënschtler deen de Portrait schaaft, gëtt Portraitist (oder Portraitsmoler am Fall vun engem Moler) genannt.
Och bei literaresche Beschreiwungen oder filmesche Presentatioune vu Persoune schwätzt ee vun engem Portrait.
Bei Portraiten ënnerscheet een tëscht der Zuel vun de Persounen, déi duergestallt ginn (Eeenzel-, Duebel-, Dräifach- oder Gruppeportrait), dem Ausschnëtt, dee gewise gëtt oder der Haltung vun de portraitéierte Persounen (kuckt ënnendrënner); oder awer der Funktioun, déi duergestallt gëtt (z. B. en Herrscherportrait mat sengen Herrschafts-Attributen).
Nom Ausschnëtt
Nom Ausschnëtt ënnerscheet een, jee nodeem, tëscht engem Portrait vun enger ganzer Persoun (am Stoen oder am Sëtzen, an der Skulptur sinn dat Statuen oder Statuetten); engem bis un de Knéi, bis un d'Hëft, bis un d'Taille, bis un d'Broscht, un d'Schëller oder bis un den Hals:
-
Ganzfigur, am Stoen: Francisco de Goya, Portrait vun der Kinnigin Maria Luisa, ëm 1800
-
Knéi, am Sëtzen: Auguste Renoir, Portrait vun der Tilla Durieux, 1918
-
Hëft: Anton Graff, Bildnis Elisa von der Recke, 1794
-
Taille: Heinrich Christoph Kolbe, Portrait einer Dame
-
Broscht: Giorgione, Laura, 1506
-
Schëller, Albrecht Dürer: Portrait vun enger jonker Fra, ëm 1506
-
Kapp: Leonardo da Vinci, Dem Leda säi Kapp, Etüd, ëm 1507/1509
No der Haltung vum Kapp
-
Frontal Vue:
James Carroll Beckwith: Portrait vum Mark Twain, 1890 -
Dräivéierelsprofil:
Fjodor Rokotow: Portrait vum Grof I.G. Orlow, 1762/65 -
Hallefprofil:
Petrus Christus: Portrait vun engem Kartäuser, 1446 -
Véirelsprofil:
Botticelli: Portrait vum Giuliano de Medici, um 1478 -
Profil:
Pisanello: Portrait vum Lionello d'Este, 1441 -
"Verluerent Profil":
Pawel Filonow: Selbstportrait
Selbstportrait
E Portrait, dat e Kënschtler vu sech selwer mécht, ass e Selbstportrait.
Idealportrait
En Idealportrait representéiert eng Persoun, déi de Kënschtler net perséinlech kannt huet. Et soll där Persoun hir (attribuéiert) Qualitéiten erëmginn, ass awer keng realistesch Representatioun dovun, wéi s'ausgesinn huet (Beispill: Büsten oder Biller vum Homer).
Kuckt och
- Portraits d'artistes, eng Serie vu filmesche Portraite vu lëtzebuergeschen Artisten.
Um Spaweck
| Commons: Portraiten – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.