PaperJam
paperJam ass eng lëtzebuergesch Wirtschafts- a Finanzzäitschrëft, déi vu Maison Moderne erausbruecht gëtt. Si gouf am Juni 2000 vum Mike Koedinger gegrënn…
|
| |
| Typ | Zäitschrëft |
|---|---|
| Sprooch |
Franséisch, Englesch |
| Besëtzer | Maison Moderne |
| Editiounshaus | Maison Moderne |
| Websäit | http://paperjam.lu/ |
|
| |
paperJam ass eng lëtzebuergesch Wirtschafts- a Finanzzäitschrëft, déi vu Maison Moderne erausbruecht gëtt. Si gouf am Juni 2000 vum Mike Koedinger gegrënnt a kënnt eemol am Mount eraus. Hir Artikele sinn haaptsächlech op Franséisch, mä deelweis och op Englesch.
Op senger Internetsäit bitt paperJam och Videoen zu aktuellen Theme wéi zum Beispill en Noriichtejournal an Interviewen un.
De Sëtz vun der Redaktioun ass zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg.
Lieserstatistik
Enger TNS ILRES Ëmfro no louch d'Oplo 2011 bei 20.000 Exemplairen an d'Lieserschaft bei 47.000 Leit, dovu 4.700 am franséischen a 4.900 am belsche Grenzgebitt. 80,5 % vun de Lieser hate statistesch gesinn eng héich Kafkraaft an 62,6 % vun hinnen hu studéiert (dovun 32,4 % wéinstens fënnef Joer laang). 40,8 % vun de Lieser haten tëscht 35 an 49 Joer, 29,9 % tëscht 50 a 64 Joer an 17,2 % tëscht 25 a 34 Joer. 82,7 % vun hinne ware berufflech aktiv.[1]
2013 louch d'Lieserschaft bei eppes iwwer 50.000 Leit.[2]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum PaperJam vun 48 900 Leit iwwer 15 Joer gelies (10,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]
Paperjam Top 100
Gewënner vum Paperjam Top 100, dem Ranking vun den aflossräichsten Decideuren zu Lëtzebuerg:
- 2006: Romain Bausch (SES)
- 2008: Michel Wurth (ArcelorMittal)
- 2010: Ernst Wilhelm Contzen (Deutsche Bank)
- 2012: Gaston Reinesch (BCL)
- 2014: Pierre Ahlborn (Banque de Luxembourg)
- 2016: Marc Giorgetti (Félix Giorgetti)
- 2018: Norbert Becker (ATOZ)
- 2020: Michèle Detaille (No-Nail Boxes)
- 2022: Julie Becker (LuxSE)
- 2024: Carole Muller (Panelux)
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ maisonmoderne.lu: Readership analysis (TNSIlres Plurimedia 2011) (gekuckt de 15. Juni 2012); archivéiert
- ↑ Plurimedia 2013 Analysis: paperJam
- ↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
