2000
◄ | 19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert ◄◄ | ◄ | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | ► | ►►
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1996 |
1997 |
1998 |
1999 |
2000
| 2001
| 2002
| 2003
| 2004
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2000.
D'Joer 2000 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer

Europa
- 8. Februar: De Konstantinos Stefanopoulos gëtt als griichesche Staatspresident erëmgewielt.
- 18. Februar: De Stjepan Mesic gëtt Staatspresident a Kroatien.
- 1. Mäerz: D'Tarja Halonen gëtt Staatspresidentin a Finnland.
- 13. Mee: Bei der Explosioun vun enger Freedefeiersrakéite-Fabrick zu Enschede an Holland stierwen 22 Mënschen an iwwer 1000 ginn der blesséiert. E ganze Quartier vun der Stad gëtt zestéiert.
- 1. Juli: D'16 km laang Bréck iwwer den Öresund tëscht Kopenhagen a Malmö gëtt ageweit.
- 25. Juli: Zu Roissy verongléckt eng franséisch Concorde, 113 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
- 28. September: D'Däne soen an engem Referendum "nej" zum Euro.
- 7. Oktober: De Vojislav Koštunica gëtt neie President vun der Federaler Republik Jugoslawien.
- 8. Oktober: Den Aleksander Kwaśniewski gëtt als Staatspresident a Polen am Amt confirméiert.
- 11. November: Bei engem Feier an der Gletscherbunn vu Kaprun stierwen 155 Mënschen.
- 10. Dezember: De Ion Iliescu gëtt Staatspresident a Rumänien.
- 27. Dezember: Zu Grosny komme bei enger Bommenattack Mënschen ëm d'Liewen.
- 28. Dezember: Den Adrian Năstase gëtt Premierminister a Rumänien.
Lëtzebuerg
- 1. Januar: D'Gendarmerie grand-ducale fusionéiert mat der Police grand-ducale.
- 31. Mee: E Mann hält fir 28 Stonne 52 Kanner an hir Educatricen an der Crèche Spatzennascht zu Waasserbëlleg als Geisele fest; hie gëtt um Enn vun der Police ugeschoss, an d'Geisele komme fräi. De Mann gëtt spéiderhin zu 22 Joer Prisong verurteelt.
- 7. Oktober: Den Henri gëtt Grand-Duc vu Lëtzebuerg.
Afrika
- 15. Februar: De Mandé Sidibé gëtt Staatspresident vu Mali.
- 1. Abrëll: Den Abdoulaye Wade gëtt Staatspresident a Senegal.
- 22. Abrëll: De Paul Kagame gëtt Staatspresident vu Ruanda.
- 26. Oktober: De Laurent Gbagbo gëtt Staatspresident an der Côte d'Ivoire.

Amerika
USA
- 12. Dezember: D'Supreme Court decidéiert, datt den George W. Bush neie President vun de Vereenegte Staate soll ginn.
Mëttel- a Südamerika
- 1. Januar: De Panamakanal gëtt vun den USA u Panama zeréckginn.
- 1. Mäerz: De Jorge Batlle gëtt Staatspresident vun Uruguay.
- 11. Mäerz: De Ricardo Lagos gëtt neie Ministerpresident am Chile.
- 1. Dezember: De Vicente Fox Quesada gëtt Staatspresident vu Mexiko.
Asien
- 9. Januar: Den Islam Abduganijewitsch Karimow gëtt als Staatspresident am Usbekistan a sengem Amt confirméiert.
- 9. Abrëll: Den Eduard Schewardnadse gëtt op en Neits zum Staatspresident a Georgie gewielt.
- 17. Mee: Den Ahmet Necdet Sezer gëtt Staatspresident an der Tierkei.
- 26. Juli: Den Nambariin Enkhbayar gëtt Regierungspresident an der Mongolei.
Ozeanien & Pazifik
Noen Osten an Arabesch Welt
- 17. Juli: De Baschar al-Assad gëtt Staatspresident vu Syrien.
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
- Servais-Präis: Pol Schmoetten fir Der Tag des Igels.
Musek
- 13. Mee: D'Olsen Brothers gewanne fir Dänemark mam Lidd Fly on the Wings of Love de 45. Eurovision Song Contest zu Stockholm.
Wëssenschaft an Technik
Sport
- Den F91 Diddeleng gewënnt de Foussballschampionnat, d'Jeunesse Esch d'Coupe de Luxembourg.
- 23. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Nordirland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Manuel Cardoni geschoss.[1]
- 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Estland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Vanek geschoss.[2]
- 7. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Spuenien.[3]
- 2. Juli: Frankräich gëtt zu Rotterdam Foussball-Europameeschter
- 3. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:2 géint Jugoslawien.[4]
- 15. September: Zu Sydney fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- 7. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 1:2 géint Slowenien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2002, 0:3 géint Russland.[6]
Gebuer
- 5. Januar: Roxen, rumänesch Sängerin.
- 18. Januar: Laura Thorn, lëtzebuergesch Sängerin.
- 4. Februar: Vincent Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Februar: Jil Kalmes, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 15. Mäerz: Arthur Kluckers, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 28. Abrëll: André Silva, portugisesche Foussballspiller.
- 3. Mee: Simão Marinho Novais, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 7. Mee: Eden Alene, israeelesch Sängerin.
- 2. Juni: Jessica Kruse, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 30. Juni: Noah Wolf, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 28. Juli: Emma Kremer, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 4. September: Eléonora Molinaro, lëtzebuergesch Tennisspillerin.
- 13. September: Alexia Magalhães, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 13. Oktober: Mikael Äijälä, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 22. November: Raphael Guden, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
- 4. Januar: Alfred Bohrmann, däitschen Astronom.
- 5. Januar: Diether Krebs, däitsche Schauspiller a Kabarettist.
- 5. Januar: Bernhard Wicki, éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 10. Januar: John Newland, US-amerikanesche Filmschauspiller a -regisseur.
- 14. Januar: Alphonse Boudard, franséische Schrëftsteller.
- 14. Januar: Fernand Schwachtgen, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 14. Januar: Alain Poiré, franséische Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 15. Januar: Léon Blasen, lëtzebuergesche Literaturchroniker a Conferencier.
- 19. Januar: Hedy Lamarr, éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin.
- 26. Januar: A. E. van Vogt, amerikanesche Schrëftsteller.
- 5. Februar: Claude Autant-Lara, franséische Filmregisseur.
- 11. Februar: Roger Vadim, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 13. Februar: Charles M. Schulz, Erfinder vun der Comicserie Peanuts.
- 18. Februar: Charles Bech, lëtzebuergeschen Zaldot a Kampfpilot.
- 19. Februar: Carmen Ennesch, lëtzebuergesch-franséisch Journalistin.
- 19. Februar: Friedensreich Hundertwasser, Moler an Architekt.
- 2. Mäerz: Erik Bertil Holmberg, schweedeschen Astronom.
- 8. Mäerz: Pierre Nilles, lëtzebuergesche Journalist.
- 16. Mäerz: Henri Clees, lëtzebuergeschen Dokter.
- 26. Mäerz: Enzo Giacchero, italieeneschen Diplomat a Politiker.
- 26. Mäerz: Frinn Zürn, lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Member vum Staatsrot.
- 27. Mäerz: Ian Dury, englesche Museker, Songwriter a Schauspiller.
- 28. Mäerz: Pir Kremer, lëtzebuergeschen Auteur.
- 30. Mäerz: Rudolf Kirchschläger, Diplomat, Politiker, éisträichesche Bundespresident.
- 6. Abrëll: Habib Bourguiba, tuneesesche President (1957–1987).
- 11. Abrëll: Willem Bouter, hollännesche Sculpteur.
- 20. Abrëll: Philip Keenan, US-amerikaneschen Astronom.
- 28. Abrëll: Edmond Goergen, lëtzebuergeschen Zeechner a Moler.
- 1. Mee: Steve Reeves, US-amerikanesche Schauspiller a Bodybuilder.
- 3. Mee: Lewis Allen, englesche Filmregisseur.
- 7. Mee: Douglas Fairbanks jr., US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 20. Mee: Marc Reuland, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 21. Mee: Sir John Gielgud, englesche Schauspiller.
- 21. Mee: Barbara Cartland, brittesch Schrëftstellerin.
- 31. Mee: Tito Puente, Jazz-, Salsa- a Mambo-Museker.
- 2. Juni: Swjatoslaw Nikolajewitsch Fjodorow, ukraineschen Aendokter.
- 4. Juni: Gino Bartali, italieenesche Vëlosprofi.
- 5. Juni: Franco Rossi, italieenesche Filmregisseur.
- 9. Juni: Ernst Jandl, Dichter.
- 9. Juni: Alfred Weidenmann, däitsche Filmregisseur.
- 10. Juni: Hafiz al-Assad, syresche Staatspresident.
- 25. Juni: Coryse Kieffer, lëtzebuergesch Molerin.
- 27. Juni: Pierre Pflimlin, franséische Politiker.
- 29. Juni: Vittorio Gassman, italieenesche Schauspiller.
- 1. Juli: Walter Matthau, amerikanesche Schauspiller.
- 4. Juli: Shōji Ueda, japanesche Fotograf
- 5. Juli: Joseph Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. Juli: Władysław Szpilman, polnesche Pianist, Komponist a Schrëftsteller.
- 7. Juli: Claude Fontaine, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 12. Juli: René Greisch, belsche Bréckebauingenieur.
- 17. Juli: Pascale Audret, franséisch Schauspillerin.
- 20. Juli: Micky Erpelding, lëtzebuergesch Speakerin, Schauspillerin a Politikerin.
- 22. Juli: Claude Sautet, franséische Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 24. Juli: Jim Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Juli: Hendrik Christoffel van de Hulst, hollänneschen Astrophysiker.
- 5. August: Sir Alec Guinness, englesche Schauspiller.
- 12. August: Martin Gerges, Publizist zu Lëtzebuerg.
- 12. August: Loretta Young, amerikanesch Schauspillerin.
- 17. August: Robert Gilruth, US-amerikanesche Loft- a Raumfaartpionéier.
- 25. August: Carl Barks, US-amerikanesche Comic-Zeechner.
- 26. August: Odette Joyeux, franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.
- 28. August: Paul-Maria Meier, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 2. September: Joseph Adam, lëtzebuergesche Pater a Fotograf.
- 13. September: Rolf Kauka, däitsche Comicediteur.
- 15. September: David Shallion, israeeleschen Dirigent a Komponist.
- 20. September: German Stepanowitsch Titow, sowjetesche Kosmonaut.
- 26. September: Roberto Baden Powell de Aquino, brasilianesche Museker.
- 26. September: Max Waldmeier, Schwäizer Astronom a Sonnefuerscher.
- 28. September: Pierre Trudeau, kanadesche Politiker (Ministerpresident).
- 13. Oktober: Jean Peters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. Oktober: Julie London, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 19. Oktober: Leopoldo Savona, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. Oktober: Georges Poujouly, franséische Schauspiller.
- 8. November: Luc Dupanloup (Dupa), belsche Comiczeechner.
- 8. November: Jeannot Comes, lëtzebuergesche Museker.
- 10. November: Jacques Chaban-Delmas, franséische Politiker.
- 15. November: Jens Jørgen Thorsen, dänesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 17. November: : Christian Brocard, franséische Schauspiller.
- 21. November: Harald Leipnitz, däitsche Schauspiller.
- 22. November: Fernand Hoffmann, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 22. November: Christian Marquand, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 22. November: Emile Zatopek, tschechesche Liichtathleet.
- 28. November: Michael Cramer, däitsche Schauspiller.
- 30. November: Ansumane Mané, Militär aus Guinea-Bissau.
- 7. Dezember: Fons Hildgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 12. Dezember: René Wheeler, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 15. Dezember: Roger Koemptgen, lëtzebuergesche Moler.
- 16. Dezember: Jos Hoffmann, lëtzebuergesche Biolog.
- 17. Dezember: Gérard Blain, franséische Schauspiller, Filmregisseur a Dréibuchauteur.
- 26. Dezember: Jason Robards, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. Dezember: Cecil Saint-Laurent (Jacques Laurent), franséische Schrëftsteller.
Um Spaweck
| Commons: 2000 – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Nordirland den 23. Februar 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Estland de 26. Abrëll 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien de 7. Juni 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 3. September 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowenien de 7. Oktober 2000 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 11. Oktober 2000 op der Websäit vun European Football.info
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.