Jeff Strasser
De Jeff Strasser, gebuer de 5. Oktober 1974 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an zanter Enn August 2025 Trainer vun de…
| Jeff Strasser | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
5. Oktober 1974 Lëtzebuerg |
| Alter | 52 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
| Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
| Gréisst | 189 cm |
| Gewiicht | 80 kg |
| Veräin/Ekipp |
FC Metz, Borussia Mönchengladbach, RC Strasbourg Alsace, Grasshopper Club Zürich, Fola Esch, 1. FC Kaiserslautern, FC Metz, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
|
| |
De Jeff Strasser, gebuer de 5. Oktober 1974 zu Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an zanter Enn August 2025 Trainer vun der Lëtzebuerger Hären-Foussballnationalekipp[2].
Hien war een Ofwierspiller an huet normalerweis Center-Back gespillt.
Hien huet zu Lëtzebuerg vun 1981 bis 1988 op der Union gespillt an huet du bei den FC Metz gewiesselt. Vun 1999 bis 2002 war e beim 1. FC Kaiserslautern. Duerno ass en op Mönchengladbach spille gaange wou säi Kontrakt den 12. August 2006 virzäiteg opgeléist gouf. Hien huet duerno bei den RC Strasbourg gewiesselt wou hie bis 2007 bliwwen ass, ier e bei den FC Metz gaangen ass. 2009 huet hie bei d'CS Fola Esch gewiesselt vu wou hien awer no e puer Matcher d'Chance ausgenotzt huet fir bei d'Grashopper Zürich ze wiesselen, wou hie bis zum Enn vun der Saison 2009/2010 bliwwen ass. An der Saison 2010/2011 huet de Jeff Strasser nees fir d'CS Fola Esch gespillt.[3]
De Jeff Strasser huet tëscht dem 12. Oktober 1993 an dem 12. Oktober 2010 98-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt (7 Goler)[4] an huet an der Bundesliga 194 Matcher gespillt an do 10 Goler geschoss.[5]
Nodeems de Luc Holtz säi Kontrakt als Nationaltrainer den 11. August 2025 gekënnegt huet, ass de Jeff Strasser säin Nofollger ginn. Säin urspréngleche Kontrakt, dee bis Enn 2026 lafe sollt, ass den 29. Mee 2026 virzäiteg ëm en annerhalleft Joer verlängert ginn[6].
Veräiner
- US Munneref
- Union Lëtzebuerg
- FC Metz
- 1. FC Kaiserslautern
- Borussia Mönchengladbach
- RC Strasbourg
- FC Metz
- Grasshopper Club Zürich
- CS Fola Esch
- Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Kuckt och
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
| Virdrun | Duerno | |
| Dan Dethier | 1999 | Kim Kirchen |
| Kim Kirchen | 2001 | David Fiegen |
Um Spaweck
- Jeff Strasser wird neuer Fußball-Nationaltrainer, wort.lu, 19.08.2025
- Presentatioun vum neien Nationaltrainer Jeff Strasser, rtl.lu, 20.08.2025
- Den neien Nationaltrainer suergt fir international Reaktiounen, rtl.lu, 20.08.2025
Referenzen
- ↑ De Jeff Strasser op 'National Football Teams'
- ↑ (en) JEFF STRASSER | NOUVEL ENTRAÎNEUR NATIONAL - post - Fédération Luxembourgeoise de Football. www.flf.lupost-296485v4. Gekuckt den 22.08.2025.
- ↑ Dem Jeff Strasser seng Karriär op 'Football Database.eu'
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jeff Strasser op der Websäit European Football
- ↑ Resümmee vumJeff Strasser senger Carrière op der Websäit transfermarkt
- ↑ (lb) object Object, FLF deelt mat: Kontrakt mam Nationaltrainer Jeff Strasser gëtt fréizäiteg verlängert. RTL Lëtzebuerg (29.05.2026). Gekuckt den 29.05.2026.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
