PI-Men
D'PI-Men, d'"Formation des Patriotes indépendants luxembourgeois", déi sech och nach "F-16,9" genannt hunn,[1] war eng vun de bekanntste lëtzebuerges…
D'PI-Men, d'"Formation des Patriotes indépendants luxembourgeois", déi sech och nach "F-16,9" genannt hunn,[1] war eng vun de bekanntste lëtzebuergesche Resistenzlergruppen.
Si gouf am Hierscht 1940 zu Déifferdeng vum Josy Goerres gegrënnt a war besonnesch aktiv am Süde vum Lëtzebuerger Land. Déi Grupp war spéider och Member an der Unio'n. Zum Kär vun der Oganisatioun hunn nieft dem Josy Goerres, de François Gräve a seng Fra Gréidy Krieps, den Eddy Fritsch, de Marcel Jung, de Jos Sossong, an den Albert Ungeheuer, all vun Déifferdeng gehéiert. Hir Haaptaktivitéite waren den Opbau vu Fluchtweeër fir politesch Flüchtlingen, Refractairen an entkomme Krichsgefaangen, déi weider no Frankräich gehollef kruten, an d'Verdeele vu patriotesche Fluchziedelen.
Déi Organisatioun war op véier verschiddene Gebidder aktiv:
- Opbau vun engem Service de Renseignement, dee militäresch a politesch Informatioune gesammelt huet an iwwer seng Agenten op London weidergeleet huet.
- Opbau vun enger reegelrechter "Evasiounsfilière" wou franséisch Kriegsgefangen, Lëtzebuerger Refractairen an Deserteuren an alliéiert Pilote falsch Pabeiere kruten an da mat Hëllef vu Passeuren iwwer d'Grenz a Frankräich bruecht gi sinn. Zu Les-Ancizes, an der Géigend vu Clermont-Ferrand hat den Albert Ungeheuer e Centre d'accueil agericht wou déi Evadéiert da konnten ënnerdaach kommen an och Aarbecht vermëttelt kruten. (ëm déi 600 Flüchtlingen, 6 alliéiert Piloten, an en ettlech fortgelafe franséisch Krichgefaange konnte sou mat Hëllef vu Pi-Men bis Abrëll 1944 den däitsche Besatzer entkommen).
- Materiell a finanziell Hëllef fir d'Famillje vun Deportéierten an/oder Refractairen.
- Propaganda-, Sabotage- a Boycottaktioune géint déi däitsch Besatzung (Publikatioun an Ausdeelen vun Trakter, speziell Aktioune fir Nationalfeierdag, Opruff fir den 20. Abrëll (Gebuertsdag vum Hitler) net op Strooss ze goen. En Drobréif un den däitschen Zirkus Busch hat zur Folleg, dat dee seng Zelter zu Lëtzebuerg ganz séier ofgebrach huet;)
Literatur
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Dollar, Jacques: Josy Goerres et les PI-MEN dans la Résistance, Lëtzebuerg, 1986
Kuckt och
- Lëtzebuergesch Resistenzler
- Zweete Weltkrich, Allgemenges zum Theema
- Resistenz zu Lëtzebuerg
Referenzen
- ↑ 16=P, 9=I fir de 16. respektiv den 9. Buschtaf am Alphabet; Quell: Was bedeuted "PI-Men"?, Déifferdang Magazin, N°01, 2006, S. 12/13
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.