Perl
Perl (lb: Pärel, lokal och Pi(e)rel) ass eng däitsch Uertschaft a Gemeng bei der Musel am Landkrees Merzig-Wadern am Saarland. Bei de Lëtzebuerger ass Pärel…
| Perl lb: Pärel | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Aussprooch | |
| Land | Däitschland |
| Bundesland | Saarland |
| Krees | Merzig-Wadern |
| Gemeng | Merzig-Wadem |
| Awunner | 9.405 (31. Dezember 2025) |
| Fläch | 75,24 km² |
| Héicht | 278 m |
| Koordinaten | 49°28'25"N, 6°23'6"O |
| Telefonszon | 06867 |
| Postcode | 66706 |
| Websäit | https://perl.saarland/ |
|
| |
|
| |
Perl (lb: Pärel, lokal och Pi(e)rel) ass eng däitsch Uertschaft a Gemeng bei der Musel am Landkrees Merzig-Wadern am Saarland. Bei de Lëtzebuerger ass Pärelhaaptsächlech bekannt duerch hir grouss verschiddenaarteg Akafszentren.
D'Gemeng huet 9.405 Awunner (Stand 31. Dezember 2025)[1][2].
Geographie
Pärel läit am Dräilännereck Däitschland-Frankräich-Lëtzebuerg riets vun der Musel. Op der lénkser Muselsäit läit Lëtzebuerg mat den Uertschaften Schengen a Réimech. D'Gemeng Pärel gëtt am Westen (Gemaarkunge Beesch, Nenneg a Pärel) vun der Musel begrenzt, déi do d'Grenz mat Lëtzebuerg mécht. Am Süde stéisst d'Gemeng u Frankräich (Loutrengen) mat den Uertschaften Opech, Belmach a Meeschweiler, am Norden u Rheinland-Pfalz. Den ëstleche Noper ass d'Gemeng Mettlach. Den héchste Punkt vun der Gemeng ass de „Schneeberg“ zu Eft (429 m iwwer NN), op der un der franséischer Grenz.
Gemengeglidderung
D'Gemeng Pärel ass a 14 Uertschaften opgedeelt, déi zu 11 Gemengebezierker gehéieren. Awunnerzuele Stand 31. Dezember 2010:[3]
| Uertschaft | Fläch | Awunner |
|---|---|---|
| Besch | 7,82 km² | 1.304 |
| Borg | 7,98 km² | 390 |
| Büschdorf | 4,23 km² | 303 |
| Eft-Hellendorf | 9,92 km² | 312 |
| Keßlingen | 2,34 km² | 126 |
| Münzingen | 1,78 km² | 50 |
| Nennig | 9,73 km² | 1.149 |
| Oberleuken | 7,14 km² | 544 |
| Oberperl | 3,05 km² | 483 |
| Perl | 2,96 km² | 2.129 |
| Sehndorf | 2,73 km² | 227 |
| Sinz | 6,72 km² | 331 |
| Tettingen-Butzdorf | 4,77 km² | 374 |
| Wochern | 3,88 km² | 188 |
| Total | 75,06 km² | 7.910 |
Oberleuken, Keßlingen a Münzingen souwéi Tettingen-Butzdorf a Wochern si jee e kollektive Gemengebezierk, déi iwwereg Gemengebezierker si mat den Uertschaften identesch.

Geschicht
Siidlungsspueren aus der Mëttelstengzäit fënnt een zu Pärel an Ëmgéigend geneesou wéi Graffelder aus der Bronze- an Eisenzäit. Keltesch Uertsnimm an réimesch Bauwierker beleeën d'Attraktivitéit vun der Standplaz zu allen Zäiten. Déi réimesch Villa zu Nenneg staamt aus dem 4. Joerhonnert a gouf wuel bei der Normanneschluecht 882 zerstéiert. Mëttelalterlech Buergen a Kierche si weider Zeie vun enger beweegter Vergaangenheet. Déi eelst schrëftlech Nennunge stamen aus dem 9. Joerhonnert. D'Gebitt hat zu Tréier, Lëtzebuerg, Loutrengen, Frankräich an zum Räich vun den Habsburger gehéiert. Nom Wiener Kongress gouf Pärel preisesch, eréischt vun 1946 un gouf et saarlännesch. Am Zuch vun der Gebittsreform am Ufank vun den 1970er gouf, aus de 14 bis dohi selbstännege Gemengen, d'Groussgemeng Perl.
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
- Réimesche Mosaik vun Nenneg
- Rekonstruéiert Réimesch Villa Borg
- Museldall
- Palais a Park vun Nell
- Krichsgriewerplaz Beesch
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Perl – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ Gemeindeverzeichnis 2025; consultéiert den: 3. September 2026.
- ↑ Statistesch Iwwersiicht Gemeng Perl op www.perl-mosel.de
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
