Hypertext Markup Language
HTML steet fir Hypertext Markup Language. HTML gëtt och dacks als Hypertext bezeechent. Et ass e Quelltext deen duerstellt, wéi geschriwwen Zeechen oder Bille…

HTML steet fir Hypertext Markup Language. HTML gëtt och dacks als Hypertext bezeechent. Et ass e Quelltext deen duerstellt, wéi geschriwwen Zeechen oder Biller strukturell a logesch op enger Säit presentéiert ginn.
HTML ass d'Grondlag vum World Wide Web, an et ass och den Internet-Browser, deen dës Sprooch liest, a strukturéiert duerstellt. Si kann och Metainformatiounen enthalen an Hyperlinke begräifen, déi duerch Uklicken d'Méiglechkeet ginn, aner Websäiten opzeruffen.
E Browser erlaabt et, fir sech de Quelltext unzekucken an d'Struktur vun der Säit z'änneren.
D'HTML-Sprooch ass net definitiv festgeluecht, mä ass entwécklungsfäeg.
Déi verschidde Versioune vun HTML
HTML gouf 1989 vum Tim Berners-Lee am CERN zu Genf festgeluecht. Websäit.
- HTML (ouni Versiounsnummer, 3. November 1992): D'Urversioun, déi nëmmen op den Text orientéiert ass. Websäit
- HTML (ouni Versiounsnummer, 30. Abrëll 1993): Zum Text kommen nieft verschiddenen Attributen wéi fett oder kursiv Duerstellung och d'Bildintegratioun dobäi.
- HTML 2.0 (November 1995): Déi mat RFC 1866 definéiert Versioun féiert ënner anerem d'Formulairetechnik an. Dës Versioun ass elo iwwerholl.
- HTML 3.0: Dës Versioun ass net publik ginn, well se schonn iwwerholl war, wéi se fäerdeg gestallt gouf.
- HTML 3.2 (14. Januar 1997): Nei an dëser Versioun sinn eng Rei vu Méiglechkeeten a Bezug op Tabellen, Textfloss ëm Bilder, Abanne vun Applets.
- HTML 4.0 (18. Dezember 1997)
- HTML 4.01 (24. Dezember 1999): Ersetzt HTML 4.0 mat villen, klenge Korrekturen. Et ass déi lescht HTML-Versioun.
- XHTML 1.0 (26. Januar 2000): Eng Neiformuléirung vun HTML 4.01 mat Hëllef vun XML.
- XHTML 1.1 (31. Mee 2001): Nodeem XHTML a Modullen opgedeelt gouf, ass mat XHTML 1.1 eng strikt Versioun definéiert ginn, bei där déi mat HTML 4 agefouert Variante Frameset an Transitional ewechfalen.
- XHTML 2.0 (Projet): Dës Versioun baséiert net méi op HTML 4.01 a féiert e puer nei Symboler (Tags) an.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: HTML – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.