Energetic Particles Explorer
Den Energetic Particles Explorer (EPE, ufanks och S-3) war eng Serie vu véier Fuerschungssatellitten am Explorer-Programm vun der NASA. Si hu gelueden Deelerch…


Den Energetic Particles Explorer (EPE, ufanks och S-3) war eng Serie vu véier Fuerschungssatellitten am Explorer-Programm vun der NASA. Si hu gelueden Deelercher am Äerdmagnéitfeld an am Sonnewand ënnersicht.
Fir d'Ënnersich vun der Stralenceinture z'erméigleche goufen d'Satellitte vun der Cape Canaveral Air Force Station mat Delta-Rakéiten an déi héichelliptesch Ëmlafbunne bruecht.
Den Explorer 15 huet speziell déi beim Starfish-Prime-Kärwaffentest, entstane kënschtlech Stralungsceinture erfuerscht.
Opbau
D'Satellittestruktur hat d'Form vun engem oktogonale Prisma, deen op der ënneschter Säit mat engem koneschen Adapter zu der Drorakéit hin ofgeschloss huet. Véier wandmillenaarteg installéiert Solarzellenausleeër goufen nom Start ausgefaalt an hu fir d'Energie gesuergt. Op der ieweschter Säit war op engem Mast e Magnéitometer fixéiert.
D'Satellitte vun der EPE-Serie ware spinstabiliséiert.
Instrumenter am Satellit waren: Magnéitometer souwéi verschidde Protonen-, Elektronen- a Plasma-Detekteren.
Missiounen
| Explorer | Numm | Datum | Startrakéit | Startplaz | Apogeum | Perigeum | Inklinatioun | Mass | Bemierkung |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Explorer 12 | EPE-A | 16. August 1961 | Delta | Cape Canaveral AFS | 314 km | 77.310 km | 33,10° | 38 kg | Huet bis de 6. Dezember 1961 geschafft |
| Explorer 14 | EPE-B | 2. Oktober 1961 | Delta-A | Cape Canaveral AFS | 281 km | 98.530 km | 32,95° | 40 kg | Huet bis den 11. August 1963 geschafft |
| Explorer 15 | EPE-C | 27. Oktober 1962 | Delta-A | Cape Canaveral AFS | 313 km | 17.640 km | 18,02° | 45 kg | |
| Explorer 26 | EPE-D | 21. Dezember 1964 | Delta-C | Cape Canaveral AFS | 316 km | 26.191 km | 20,14° | 46 kg | Huet bis de 26. Mee 1967 geschafft |
Kuckt och
Um Spaweck
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.