Creative Commons
Creative Commons
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Creative Commons (de: „schöpferisches Gemeingut, Allmende“) ass eng Gesellschaft, déi am Internet verschidde Standardlizenzkontrakter verëffentlecht, fir mat Hëllef vun hiren Auteuren an hire Wierker, wéi z. B. Texter, Biller, Musek... asw., der Ëffentlechkeet d'Rechter fir se ze benotze kënne ze ginn.
Rechtermoduler
Aktuell (Versioun 3.0) gëtt et 6 Lizenzméiglechkeeten, déi ee sech mat de Rechtermoduler selwer zesummebastele kann. Zanter der Versioun 2.0 gëtt d'Méiglechkeet "Domaine public" net méi ugebueden, soudatt d'Basisversioun "CC BY" ass, a jee no Bedarf weider Moduler derbäigesat gi fir sech eng Lizenz nom perséinleche Bedarf op d'Mooss zesummenzesetzen.
Beispill: D'Texter vun der Wikipedia sinn ënner der CC BY-SA Lizenz verëffentlecht. Dat heescht also, datt bei d'Basisversioun CC BY nach de Modul SA koum, an d'Texter vu jiddwerengem gebraucht a reproduzéiert gi kënnen, och a verännerter Form, ënner de Konditiounen (1) datt d'Auteuren déi zum Artikel bäigedroen hu genannt ginn (ze gesinn ënner dem Reider "Versioune weisen"), an (2) datt d'Lizenz déi selwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0" ugi gëtt. Fir e Wikipedia-Artikel richteg ze zitéiere klappt een am beschte lénks d'Geschirkëscht op a klickt do op "Dës Säit zitéieren".
Projet cc-lu
D'Adaptatioun vun der Creative Commons Lizenz un d'lëtzebuergesch Jurisdictioun ass vun der Luxcommons a.s.b.l. de 15. Oktober 2007 lancéiert ginn[1]. Apaart um Projet ass datt déi lëtzebuergesch Lizenz direkt an der Versioun 3.0 erauskoum.
Um Spaweck
- creativecommons.org Creative-Commons-Websäit
- Creative Commons Lëtzebuerg
- Creative Commons Däitschland
- Creative Commons Éisträich
- Creative Commons Schwäiz
- Creative-Commons-Wiki fir Däitschland, Éisträich an d'Schwäiz
- Lizenz-Assistent zur Auswiel fir déi passend Lizenz
- De Projet vu luxcommons.lu
Referenzen an Notten
Um Spaweck
| Commons: Creative Commons – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.