Computerspill
E Computerspill ass eng nei Zort vu Spiller, déi an den 1950er entstane sinn, a sech lues a lues géint déi klassesch Form vu Spiller (Kaartespiller, Brietspi…
| Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Computerspill ass eng nei Zort vu Spiller, déi an den 1950er entstane sinn, a sech lues a lues géint déi klassesch Form vu Spiller (Kaartespiller, Brietspiller...) duerchgesat hunn. Zu deenen éischte Computerspiller zielen OXO (1952), Tennis for Two (1958), Spacewar (1962) oder Pong (1972).
Zu Lëtzebuerg haten d'Computerspiller virun allem bei deene jonke Leit immens vill Succès. Spillkonsole wéi déi vun Atari (an den 1970er), mä besonnesch déi éischt Heemcomputere wéi de Commodore 64 an duerno den Amiga 500 (an den 1980er a fréien 1990er) hu vill zur Verbreedung vun der Computerspillkultur zu Lëtzebuerg bäigedroen. Mat den ëmmer méi staarke PCe goufen d'Computerspiller och ëmmer méi sophistiquéiert an et hu sech sou och mat der Zäit Fan-Gruppe vu verschiddene Spiller forméiert, déi sech op LAN-Partyen treffen, fir do géintenaner unzetrieden.
Uganks 2000 sinn déi éischt LAN-Partyen hei zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, déi an der Tëschenzäit ëmmer méi grouss a populär ginn.
Trotz dem grousse Succès vun de Computerspiller goufe sou gutt wéi keng Computerspiller vu Lëtzebuerger selwer entwéckelt. Dacks huet et um technesche Know-How gefeelt, oder un de finanzielle Méiglechkeete fir Computerspill-Iddien ze kommerzialiséieren. Duerch den Internet a virun allem mat der Flash-Technologie vun Macromedia gouf et ëmmer méi einfach, kleng Computerspiller gratis an den Internet ze setzen.
Iwwer dee Wee huet de Jérôme Lulling 2002 d'Computerspill Comboling am Internet lancéiert, dat op déi einfach Iddi opgebaut ass, Quadrater mateneen ze verbannen.
Um Spaweck
- Comboling - e lëtzebuergescht Computerspill (2002-2005)
- Comboling Rezensioun Jay Bibby - Rochester, NY - USA (2005)
- videogames.lu - eng lëtzebuergesch Säit iwwer Computerspiller
| Commons: Video games – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.