Yuriko Backes
D'Yuriko Backes, gebuer den 22. Dezember 1970 zu Kōbe a Japan, ass eng lëtzebuergesch Diplomatin a Politikerin (DP). Si ass zanter dem 17. November 2023 Minis…
| Yuriko Backes | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
22. Dezember 1970 Kōbe |
| Alter | 55 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
London School of Economics, Collège d'Europe, SOAS University of London |
| Aktivitéit | Diplomatin, Politikerin, Fonctionnairin |
| Fonctioun | Haffmarschall, Finanzministesch vu Lëtzebuerg, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Verdeedegungsministesch vu Lëtzebuerg |
|
| |
D'Yuriko Backes, gebuer den 22. Dezember 1970 zu Kōbe a Japan, ass eng lëtzebuergesch Diplomatin a Politikerin (DP). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Verdeedegung, Ministesch fir Gläichstellung, Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an der Regierung Frieden-Bettel.[1]
Karriär

D'Yuriko Backes huet vun 1989 bis 1992 op der London School of Economics and Political Science studéiert a war duerno, vun 1993 bis 1994 um College of Europe, wou si e Master an European Studies gemaach huet.[2]
Si huet fir d'Lëtzebuerger Representatiounen zu New York a Bréissel geschafft a war vun 2006 bis 2008 Chef de mission adjoint an der lëtzebuergescher Ambassade zu Tokio.
Tëschent 2008 an 2010 war si Adjointe vum Direkter am Ressort fir den internationalen Handel am Ausseministère. Vun 2010 bis 2016 war si diplomatesch Conseillère vun de Staatsministere Jean-Claude Juncker an Xavier Bettel.
Vum 1. Mäerz 2016 bis Enn Mee 2020 war si Chef vun der Maison de l'Europe an huet d'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg geleet.
Den 29. Abrëll 2020 gouf si als Haffmarschallin ernannt an huet hiren Déngscht, als Nofollgerin vum Lucien Weiler den 1. Juni 2020 ugetrueden[3]. Si gouf den 9. Oktober 2020 an där Fonctioun vereedegt[4][5].
De 5. Januar 2022 gouf si als Nofollgerin vum Pierre Gramegna nei Budgets- a Finanzministesch.
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si op der Lëscht vun der DP an d'Chamber gewielt, huet awer op hiert Mandat verzicht, fir Ministesch fir Verdeedegung, Ministesch fir Gläichstellung, Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.
De 27. Abrëll 2025 gouf si um Nationalkongress vun där Partei zur 1. Vizepresidentin gewielt.[6][7]
Um Spaweck
| Commons: Yuriko Backes – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
- ↑ (fr) Biographie (12.06.2012Wierk=gouvernement.lu) Archivéiert den 18.11.2023. Gekuckt den 18.11.2023.
- ↑ Großherzog ernennt Yuriko Backes zur Hofmarschallin op wort.lu, gelies den 29.4.2020
- ↑ (fr) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt den 09.10.2010.
- ↑ (lb) Yuriko Backes als nei Maréchale vereedegt. www.rtl.lu (09.10.2020). Gekuckt den 09.10.2020.
- ↑ (lb) Lex Delles kandidéiert net méi: DP kritt eng reng weiblech Parteipresidence. www.rtl.lu. Gekuckt de 27.04.2025.
- ↑ (lb) Nationalkongress vun der DP: Carole Hartmann mat grousser Majoritéit zu neier Parteipresidentin gewielt. www.rtl.lu. Gekuckt de 27.04.2025.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
