Wikimedia
D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ë. a. ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wik…
| Wikimedia | |
|---|---|
|
| |
| Rechtsform | 501(c)(3) organization |
| Ofkierzung | WMF, Wikimedia, Фонд Викимедиа, ФВМ |
| Grënnungsdatum | 20. Juni 2003 |
| Sëtz | San Francisco |
| President | Lorenzo Losa |
| Websäit | https://wikimediafoundation.org/ |
|
| |
D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ë. a. ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng „501(c)(3) organization“, eng Associatioun ouni Gewënnzweck no US-amerikaneschem Recht, déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.
Ziler vun der Fondatioun
D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstem vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéieren ë. a. och nach en Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.
D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September.
Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domän Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.
D'Wikimedia Foundation gëtt haaptsächlech duerch Done finanzéiert, woubäi et sech gréisstendeels ëm kleng, individuell Spende vu Privatpersounen handelt. Wikimedia kritt awer och Ënnerstëtzung a Form vu finanziellen a materielle Spende vun anere Stëftungen a Firmaen.
Verwaltungsrot
Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'administration nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representantë vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.
Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.
Presidente vum Verwaltungsrot
| Vu(n) | Bis | President·in |
|---|---|---|
| Juni 2003 | Oktober 2006 | Jimmy Wales |
| Oktober 2006 | Juli 2008 | Florence Nibart-Devouard |
| Juli 2008 | Juli 2010 | Michael Snow |
| Juli 2010 | Juli 2012 | Ting Chen |
| Juli 2012 | August 2013 | Kat Walsh |
| August 2013 | Juli 2015 | Jan-Bart de Vreede |
| Juli 2015 | Juni 2016 | Patricio Lorente |
| Juni 2016 | Juli 2018 | Christophe Henner |
| Juli 2018 | Juni 2021 | María Sefidari |
| zënter Juni 2021 | Nataliia Tymkiv |
Wikimedia Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter 2016 d'ASBL Wikimedia Lëtzebuerg.
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Wikimedia Lëtzebuerg.
Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Fondatioun
- Wikimedia Foundation Bylaws (PDF)
- Annonce vun der Fondatioun (en)
- Wikimedians of Lëtzebuerg - User_Group
| Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen an Audiodateien |
| Commons: Wikimedia-Treffen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
