Thomas Chippendale
Den Thomas Chippendale, gebuer 1718 zu Farnley am West Yorkshire an England, a gestuerwen den 13. November 1779 zu London, war ee Konscht- a Miwwelschräiner (c…
| Thomas Chippendale | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 5. Juni 1718 |
| Gestuerwen |
13. November 1779 London |
| Alter | 61 Joer |
| Nationalitéit | Kinnekräich Groussbritannien |
| Aktivitéit | Architekt, Miwweldesigner, Geschäftsmann, Designer, Schräiner, Kënschtler |
|
| |

Den Thomas Chippendale, gebuer 1718 zu Farnley am West Yorkshire an England, a gestuerwen den 13. November 1779 zu London, war ee Konscht- a Miwwelschräiner (cabinet and chair maker).
Hie war e vun de bekanntste Miwwelschräiner vum englesche Rokoko. Hie gouf virun allem duerch säi Buch The gentleman and cabinet maker's director bekannt, dat hie 1754 erausginn huet. An dësem Buch huet hien 160 Miwwelstécker vu senger Zäit presentéiert.
1759 gouf hien an d'Society of Arts gewielt an hien huet eng Miwwelfabrék opgebaut.
No him ass den Chippendale-Stil benannt. Dorënner versteet een englesch Schreiw- a Sëtzmiwwelen, déi meeschtens aus Mahagoniholz gemaach sinn a mat Vergoldungen a Japanlack dekoréiert sinn. Dobäi gi Motiver aus dem Rokoko, der Gotik oder chineesesch Elementer gebraucht.
Um Spaweck
| Commons: Thomas Chippendale – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
