Strëmp
Strëmp si Gezei fir de Fouss. Et ass eng Zort stoftene Schlauch, deen zu den Zéiwen hin zou ass, an iwwer de Fouss gezu gëtt. D'Form ass dem Wénkel vum Fous…

Strëmp si Gezei fir de Fouss. Et ass eng Zort stoftene Schlauch, deen zu den Zéiwen hin zou ass, an iwwer de Fouss gezu gëtt. D'Form ass dem Wénkel vum Fouss ugepasst, an et gëtt meeschtens keen Ënnerscheed tëscht dem rietsen an dem lénkse Fouss gemaach. Strëmp gëtt et a verschiddene Gréissten, Längten, Hierstellungsweisen a Material.
Strëmp hunn d'Funktioun, de Fouss waarm ze halen, Fiichtegkeet, déi duerch d'Schweessen entsteet, z'absorbéieren an d'Haut vum Fouss virum Schauteren am Schong ze schützen.
Strëmp gi gewéinlech bis un d'Wued. Méi laang Strëmp, déi bis uewen un d'Déckt vum Been ginn, si meeschtens Dammestrëmp (fr.: bas; dacks Nylonstrëmp), a wa se net vum selwen halen da gi se entweeder mat Jarretellen oder Jarretièren uewen um Bee gehalen. Sinn dës uewen un enger Zort Box zesummegebitzt, schwätzt ee vun engem Collant. Kuerz Strëmp gi Soquetten oder Séckercher genannt.
Plazeweis besteet och nach den Ausdrock Huesen fir Strëmp (cf. den Ausdrock Schung an Huese verléieren).
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Strëmp – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.