Stephanus
De Stephanus (och nach (en)Steven oder (fr)Étienne), an der kathoulescher, anglikanescher, a griichesch-orthodoxer Kierch als Hellege Stephanus bekannt, war de…
| Stephanus | |
|---|---|
|
| |
| Titel | |
| Titel | Jünger |
| Biographie | |
| Gebuer |
1 Griicheland |
| Gestuerwen |
36 Jerusalem |
| Alter | 34 / 35 Joer |
| Doudesursaach | Stengegung |
| Nationalitéit | Judäa |
| Aktivitéit | Diakon |
| Aner Informatiounen | |
| Statut | Thaumaturg |
| Gedenkdag | 26. Dezember |
|
| |
De Stephanus (och nach (en)Steven oder (fr)Étienne), an der kathoulescher, anglikanescher, a griichesch-orthodoxer Kierch als Hellege Stephanus bekannt, war den éischte chrëschtleche Märtyrer. Hie gouf gestengegt. An der lutheranescher Kierch zielt en als Märtyrer.
De Stephanus war den éischte vu siwen Diakone vun der urchrëschtlecher Communautéit zu Jerusalem. Dës Diakone goufe vun den Apostelen duerch d'Handopleeë geweit, nodeems an der Gemeinschaft e Konflikt tëscht de Membere mat engem griicheschen an deene mat engem traditionell jiddeschen Hannergrond iwwer d'Fro vun der Betreiung vu Wittfraen opgetruede war. D'Diakone waren du verantwortlech fir de Glawen ze verkënnege gradewéi fir déi sozial Ugeleeënheete vun der Gemeinschaft.
Liewen
Duerstellung
De Stephanus gëtt ëmmer mat engem oder méi Steng an der enger Hand a mat enger Märtyrerpalm an der anerer duergestallt.
Veréierung
De Stephanus säi Gedenkdag ass gemenkerhand de 26. Dezember, dohier och den Numm Stiefesdag. An der griichesch-orthodoxer Kierch ass et de 27. Dezember.
Hien ass de Patréiner vu Roum, Passau, Beckum (Münsterland, Nordrhein-Westfalen) an der Diözees Wien, gradewéi de Patréiner vun ë. a. de Päerd, Kutschen, Steemetzer, Schräiner, Wiewer, Schneider a Kënschtler. Hie gëtt ugebiet géint Obsessioun, Kappwéi; fir e gudden Doud.
Dem Stephanus sinn op der ganzer Welt vill Kierche geweit, zum Beispill de Stephansdoum zu Wien.
Éierungen
Fir un den Stephanus z'erënneren, ass zu Uewerkuer eng Strooss no him genannt: Rue St. Etienne.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Stephanus – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[[Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass]
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
