Sortiment

Sortiment oder Assortiment bezeechent all d'Wueren, déi en Händler oder en Handelsbetrib, wéi zum Beispill e Buttek, op engem bestëmmten Zäitpunkt senger K…

Sortiment
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sortiment oder Assortiment bezeechent all d'Wueren, déi en Händler oder en Handelsbetrib, wéi zum Beispill e Buttek, op engem bestëmmten Zäitpunkt senger Konnschaft zum Verkaf ubitt[1]. Jee no Definitioun ginn och d'Déngschtleeschtungen als Deel vum Sortiment betruecht[2].

Et gëtt verschidde Krittären, fir d'Dimensioun vum Sortiment ze definéieren. Esou bezeechent d'Sortimentsbreet d'Zuel vu Produktgruppen oder -kategorien, déi ugebuede ginn. En Hypermarché huet zum Beispill eng grouss Sortimentsbreet, well e Liewensmëttel, Drogeriesartikelen, Gezei, a Produkter fir de Stot a fir de Gaart verkeeft. D'Sortimentsdéift dogéint bezeechent d'Zuel vu Varianten an enger Produktgrupp. Esou kann e Buttek, deen op d'Vente vun Elektroapparater spezialiséiert ass, eng grouss Sortimentsdéift bei de Wäschmaschinnen hunn, wann e verschidde Marken, Modeller, Faarwen a Wäschtrommelgréissten ubitt[3][4].

Referenzen

  1. ↑ (de) Prof. Dr. Willy Schneider, Sortiment • Definition. Gabler Wirtschaftslexikon. Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  2. ↑ (de) Die Sortimentspolitik. Handelsmarketing. Springer-Lehrbuch. Springer, Berlin, Heidelberg (2007). Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  3. ↑ (de) Prof. Dr. Willy Schneider, Sortimentspolitik • Definition. Gabler Wirtschaftslexikon. Gekuckt de 4. Mäerz 2026.
  4. ↑ Piris, Y. et Dubois, P.-L., La mémorisation des consommateurs en matière d'assortiment. Management & Avenir, 42(2) 54-77 (2011). Gekuckt de 4. Mäerz 2026.


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.