Rear Window
Rear Window ("Hënnescht Fënster") ass en US-amerikanesche Spillfilm, deen 1954 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum John Michael Hayes, baséiert op de…
|
| |
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsland | USA |
| Produktiounsjoer | 1954 |
| Première | 1954 |
| Dauer | 112 min |
| Faarf | Faarweg |
| Originalsprooch | Englesch |
| Ekipp | |
| Regie | Alfred Hitchcock |
| Dréibuch | John Michael Hayes |
| Fotografie | Robert Burks |
| Musek | Franz Waxman |
| Schnëtt | George Tomasini |
| Costumedesign | Edith Head |
| Produzent |
Alfred Hitchcock fir Paramount Pictures |
| Produktiouns- gesellschaft | Paramount Pictures |
| Schauspiller | |
|
James Stewart als L. B. „Jeff“ Jefferies Grace Kelly als Lisa Carol Fremont Thelma Ritter als Stella Wendell Corey als Det. Tom Doyle Raymond Burr als Lars Thorwald Judith Evelyn als „Miss Lonely Hearts” Ross Bagdasarian als Songwriter Georgine Darcy las „Miss Torso” | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Rear Window ("Hënnescht Fënster") ass en US-amerikanesche Spillfilm, deen 1954 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum John Michael Hayes, baséiert op der Kuerzgeschicht It Had to Be Murder vum Krimi-Auteur Cornell Woolrich, gedréint gouf.
Ëm wat geet et am Film?
De Fotojournalist L. B. Jefferies („Jeff“) sëtzt no engem Accident mam Been am Gips doheem am Rollstull. Fir d'Zäit ze verdreiwen, kuckt hien den Noperen am Appartementshaus vis-à-vis no. Sou och dem Reesender Thorwald, deen, no engem Sträit mat senger Fra, nuets e puermol an- an ausgeet. Den Dag drop ass näischt méi vun der Fra ze gesinn. Mat Spektiv an Teleobjektiv mécht den Jeff e puer beonrouegend Observatiounen a probéiert, seng Frëndin Lisa a seng Infirmière dovun z'iwwerzeegen, den Thorwald misst seng Fra ëmbruecht hunn…
Ongeféier an der 25. Minutt gesäit een den Hitchcock, wéi en an der Wunneng vum Komponist eng Auer opzitt.
Soss
Rear Window ass ee vun de fënnef Filmer, déi den Hitchcock fir Paramount gedréint hat. Uganks vun den 1960er Jore sinn d'Auteursrechter un hien zeréckgaangen, an all Kopien hu missen zerstéiert ginn. Sou war de Film iwwer 20 Joer sou gutt wéi néierens ze gesinn, bis 1984, nom Hitchcock sengem Doud, seng Ierwen en nees erausbruecht hunn. D'Stater Cinemathéik war eng vun deene wéinege Plaze, wou et eng Kopie gouf, a wou de Film tëscht 1976 an 1984 ze gesi war.
De lëtzebuergesche Filmmécher Jeff Desom huet 2010 ënner dem Titel Rear Window Loop d'Fimszeenen aus dem Haus vu vis-à-vis an enger eenzeger Panorama-Astellung zesummekopéiert an dat an e puer Minutte kondenséiert. Dëse Kuerzfilm gouf mat der Golden Nica 2012 andem Vimeo Remix Award 2012 ausgezeechent.[1]
Literatur
- Bodo Fründt: Alfred Hitchcock und seine Filme. Heyne Filmbibliothek, Band Nr. 91, 1986, ISBN 3-453-86091-8
- Robert A. Harris, Michael S. Lasky, Hrsg. Joe Hembus: Alfred Hitchcock und seine Filme (OT: The Films of Alfred Hitchcock). Citadel-Filmbuch bei Goldmann, München 1976, ISBN 3-442-10201-4
- Susanne Kaut: Das Fenster zum Hof in "Ich sehe was, was du nicht siehst" - Psychoanalytische Filminterpretationen, Hrsg. von Theo Piegler, Psychosozial-Verlag, Gießen 2010, ISBN 978-3-8379-2034-5; Ss. 43-50
- Eric A. Leuer: "To See You Is To Love You!" - Zur Rolle des Voyeurismus in Alfred Hitchcocks „Rear Window“, Grin-Verlag, München 2009, ISBN 978-3-640-24434-8
- Johann N. Schmidt: Das Fenster zum Hof / Rear Window in Filmklassiker - Beschreibungen und Kommentare, Hrsg. von Thomas Koebner, 5. Auflage, Reclam junior, Stuttgart 2006, ISBN 978-3-15-030033-6; Band 2: 1946 - 1962, Ss. 249-253
- Donald Spoto: Alfred Hitchcock - Die dunkle Seite des Genies. Heyne, München 1984, ISBN 3-453-55146-X (dt. Übersetzung von Bodo Fründt)
- John Russel Taylor: Die Hitchcock-Biographie, Fischer Cinema 1982, ISBN 3-596-23680-0
- François Truffaut: Le cinéma selon Hitchcock, Simon und Schuster, 1984. ISBN 0-671-52601-4
- Cornell Woolrich: Das Fenster zum Hof und vier weitere Kriminalstories (OT: Rear Window). Diogenes, Zürich 1989, ISBN 3-257-21718-8
Um Spaweck
Referenzen
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
