Quick
Quick ass eng Fast-Food-Chaîne, déi 1970 an der Belsch gegrënnt gouf.

Quick ass eng Fast-Food-Chaîne, déi 1970 an der Belsch gegrënnt gouf.
Geschicht
1971 goung den éischte Quick-Restaurant an der belscher Stad Schoten bei Antwerpen op. A Frankräich gouf den éischte Restaurant 1980 zu Aix-en-Provence opgemaach, an 1983 den éischten zu Lëtzebuerg[1][2]. No an no goufen och an anere Länner Restauranten opgemaach: an Däitschland (1983-1988), Groussbritannien (1983-1985), Italien (1985-1995), Holland (1995-2000), Andorra (1997-2007), Slowenien (2000-2002), Ungarn (2000-2001), de Vereenegten Arabeschen Emiraten (2003-2010), Algerien (2007-2011), Spuenien (2008-2010), Russland (2008-2014), Tierkei (2015) an Tunesien (2015-2017). Mee ausser der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg goufen d'Quick-Restauranten an den anere Länner ëmmer no e puer Joer zougemaach. Am Marokko war Quick tëscht 2004 an 2013 aktiv, an huet 2016 nees nei opgemaach.
Zu Bréissel gouf 1978 den éischte Restaurant als Franchise opgemaach.
2015 huet de franséische Groupe Bertrand d'Kette mat hire 509 Restauranten opkaaft[3]. Een Deel vun de Restaurante gouf a Burger-King-Restauranten ëmgedeeft, well och déi Mark als Franchise zum Groupe Bertrand gehéiert huet.
Schonn e puer Méint drop goufen déi belsch a lëtzebuergesch Restauranten nees u QSR Belgium, de Franchise-Bedreiwer vu Burger King an deenen zwee Länner weiderverkaaft[4]. De Lëtzebuerger Deel, d'Gesellschaft Happy Quick, hat awer nëmmen zu 55 % dem Groupe Bertrand gehéiert, de Rescht war am Besëtz vum Flavio Becca senger Entreprise Promobe (40 %) a vum Lëtzebuerger Entreprener René Faltz (5 %). Och si hunn hir gemeinsam 45 % 2017 un de belsche Quick-Besëtzer verkaaft[5].
2021 huet de Groupe Bertrand och de Rescht vun de franséische Restauranten dem US-amerikanesche Fong HIG Capital verkaaft[6].
Restauranten
2023 gouf et an der Belsch 76 an a Frankräich 119 Quicken.
Zu Lëtzebuerg gouf et 2017 nach néng Restauranten,[5] an 2023 just nach dräi: zu Esch-Lalleng, zu Walfer an um Stater Kierchbierg.
Um Spaweck
| Commons: Quick – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ quick.fr: La saga Quick
- ↑ Paperjam (online): L'inauguration du 8ème Quick au Grand-Duché de Luxembourg renforce la place de N°1 de Quick dans ce pays (25. Mäerz 2010)
- ↑ standaard.be: Burger King richt pijlen op Quick (28. September 2015)
- ↑ lavoixdunord.fr: Groupe Bertrand cède les Quick en Belgique et au Luxembourg (25. Juli 2016)
- ↑ 5,0 5,1 wort.lu: Quick Luxemburg nun in einer Hand vum Laurent Schmit (18. Januar 2017)
- ↑ capital.fr: Quick appartient désormais au fonds américain HIG Capital, revendu par Groupe Bertrand (2. August 2021)
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.