Postcode
De Postcode ass en Ensembel vun Zifferen an/oder Buschtawen, dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelen an d'Sënnere vum Courrier méi séier…

De Postcode ass en Ensembel vun Zifferen an/oder Buschtawen, dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelen an d'Sënnere vum Courrier méi séier a méi einfach kënnen ze maachen.
Postcodë kënne vun automatesche Sënnermaschinne gelies ginn an d'Verdeele vum Courrier op déi respektiv Verdeelerplaze ka sou ouni manuell Interventioun gemaach ginn.
D'Postcodë vun de verschiddene Länner sinn am Prinzip no geographeschen Zonen agedeelt. Verschidde Spezialcodë si fir Postkëschten oder wéi z. B. a Frankräich fir Institutiounen oder Entreprisë reservéiert. Dat ass do de System CEDEX (Courrier d'entreprise à distribution exceptionnelle).
Zu Singapur huet all gréissert Gebai säin eegene Postcode.
Irland ass dat eenzegt Land an der EU, dat laang kee landeswäite Postcodesystem hat. Just an de Stied Dublin a Cork gouf en een- oder zweestellege Code benotzt[1], ier 2015 den Eircode agefouert gouf[2].
Zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gouf de Postcode am Juli 1980 agefouert a besteet aus 4 Zifferen.
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Postleitzuel (Lëtzebuerg).
Um Spaweck
| Commons: Postcode – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Postal Addresses in Ireland
- ↑ Getting an Eircode. www.eircode.ie. Gekuckt de 05.12.2020.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.