Pascal Peters
De Pascal Peters ass e lëtzebuergesche Policebeamten. Hien ass zënter dem 1. Juni 2024 de Generaldirekter vun der Police grand-ducale.
| Pascal Peters | |
|---|---|
|
De Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police (September 2024) | |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Lycée Michel-Rodange, École royale militaire, Universitéit vu Léck, Offizéieschschoul vun der franséischer Gendarmerie |
| Aktivitéit | Policebeamten |
| Fonctioun | Generaldirekter |
|
| |
De Pascal Peters ass e lëtzebuergesche Policebeamten. Hien ass zënter dem 1. Juni 2024 de Generaldirekter vun der Police grand-ducale.
Studium
No senger Première 1992 am Lycée Michel Rodange war de Pascal Peters op der École royale militaire zu Bréissel (1992 - 1994) wou hien e Bachelor am Droit gemaach huet. Duerno huet hie vun 1994 bis 1996 op der Universitéit zu Léck Kriminologie studéiert a säi Studium mat engem Master ofgeschloss. Vun 1996 bis 1997 war hien op der Offizéieschschoul vun der franséischer Gendarmerie zu Melun (Seine-et-Marne).
Karriär bei der Gendarmerie an der Police zu Lëtzebuerg
- 1997 - 1998: Kommandant bei der Police, Bezierk Norden
- 1999 - 2000: Kommandant bei der Gendarmerie, Bezierk Esch-Uelzecht
- 2000 - 2001: Sous-Direkter bei der Police, Bezierk Esch-Uelzecht
- 2001 - 2009: Sous-Kommandant a Kommandant, Spezialunitéit
- 2009 - 2014: Chef vum Departement „Enquête“ vun der Inspection générale de la police
- 2015 - 2018: Sous-Direkter an der Direktioun vun den Operatiounen an der Preventioun
- 2018 - 2024: Zentraldirekter vun der administrativer Police
- zënter Juni 2024: Generaldirekter vun der Police grand-ducale
Referenzen an Notten
- Quell wou net anescht uginn: Linkedin Profil vum Pascal Peters
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
