Mobile TeleSystems
Mobile TeleSystems (MTS) (ru. Мобильные Теле Системы (MTC)) ass mat 102,4 Millioune Clienten[1] dee gréisste Mobilfunkubidder a Rus…
Mobile TeleSystems (MTS) (ru. Мобильные Теле Системы (MTC)) ass mat 102,4 Millioune Clienten[1] dee gréisste Mobilfunkubidder a Russland an an der GOS.
De konsolidéierten Ëmsaz louch 2009 bei ëm déi 9,8 Milliarden US-Dollar an de konsolidéierte Gewënn bei ronn 1 Milliard US-Dollar[2]. Méi wéi 26.000 Employéë stinn a Loun a Brout.
Geschicht
Mobile TeleSystems gouf am Joer 1993 als Joint Venture vum Moskauer Telefonskonzern Moskowskaja Gorodskaja Telefonnaja Set (MGTS) (russ. Московская Городская Телефонная Сеть) an dräi russesche Partner (53 %) an den däitschen Entreprisen Deutsche Telekom a Siemens AG (47 %) gegrënnt.
1996 huet Sistema d'Parte vun MGTS a senge Partner iwwerholl an d'Deutsche Telekom d'Parte vu Siemens.
Am Joer 2000 ass MTS an eng Aktiegesellschaft ëmgewandelt ginn. Si gouf den 28. Abrëll dat Joer op der Moskauer Bourse am RTS-Index cotéiert an den 30. Juni um New York Stock Exchange am MBT-Index.
Tëscht 2003 an 2005 huet d'Deutsche Telekom hir Aktië vun MTS fir geschaten 3 Milliarden Euro nees verkaaft, offiziell fir Scholden ofzebauen.
Déi aktuell Aktionären[3]:
- 52,8 % - Sistema
- 46,7 % - Streebesëtz
- 0,5 % - Soss Aktionären
-
Logo MTS 1993—2002
-
Logo MTS 2002—2006
-
Logo MTS 2006—2010
-
Logo MTS 2010—haut
Operatiounsgebitt
D'Mobilfunknetz vun MTS gebraucht de GSM Standard. Den Operateur huet 1994 mat enger Lizenz fir Moskau ugefaangen a krut 1997 nach Lizenze fir weider Gebidder, woumat d'Expansioun sou lues un d'Rulle koum. Haut huet MTS Lizenze fir 81 vun den 83 russesche Regiounen an och fir Wäissrussland, d'Ukrain, Turkmenistan an Armenien[4][5].
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: MTS – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ MTS Websäit (Stand 31. Dezember 2009)
- ↑ MTS Websäit - Joresrapport 2009
- ↑ MTS Websäit 31.03.2011
- ↑ MTS Websäit 29.10.2006 Archivéiert den 13.11.2006. Gekuckt den 30.03.2011.
- ↑ MTS Websäit 29.10.2006
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.