Michigan
De Michigan ass e Bundesstaat am Norde vun den USA. De Michigan ass zanter dem 26. Januar 1837 de 26. Bundesstaat vun den USA. Den Numm kënnt vu mishi-gami, e …
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Michigan | |||||
| |||||
| Spëtznumm: Great Lakes State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
| Haaptstad: | Lansing | ||||
| Gréisst Stad: | Detroit | ||||
| Gouverneur: | Gretchen Whitmer | ||||
| Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 11. Plaz 250.494 km² 41,27 % | ||||
| Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 10. Plaz 10.077.331 (2020) 39,4/km² | ||||
| Opgeholl als Memberstaat: | 26. Januar 1837 (26ten) | ||||
| Zäitzon: | UTC-5 bis -4 | ||||
De Michigan ass e Bundesstaat am Norde vun den USA. De Michigan ass zanter dem 26. Januar 1837 de 26. Bundesstaat vun den USA. Den Numm kënnt vu mishi-gami, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Anishinabe dat Grousse Séi bedeit.
Geographie
De Michigan grenzt am Norden an am Osten un d'kanadesch Provënz Ontario, am Süden un den Ohio an den Indiana, am Westen un de Minnesota (zu dem awer keng Landgrenz besteet, de Lake Superior mécht d'Grenz)an de Wisconsin an am Südweste grenzt en un den Illinois (zu dem och keng Landgrenz besteet, do ass de Michiganséi d'Grenz). De Michigan huet 83 Counties.
De Michigan ass dee Staat aus den USA mat dem gréisste Waasserundeel. Déi fënnef Grouss Séien, vun deenen der véier am Michigan leien, sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. De Michigan ass och den eenzege Staat an den USA deen an zwee gedeelt ass, duerch de Michiganséi.
Gréisst Stied
De Michigan gehéiert zum sougenannte Rust Belt, wou zanter den 1950er Joren d'Populatioun nëmme lues wiisst oder souguer réckleefeg ass. Vun 2000 op 2010 ass d'Bevëlkerung vum Michigan fir déi éischt Kéier zeréckgaangen.
Ekonomie
D'Industrie an den Tourismus sinn déi zwou Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. Detroit ass de wichtegsten Zentrum wat d'Autoindustrie ugeet: Ford, Chrysler a General Motors hunn do hire Sëtz. Déi grouss Séien zéien all Joer Milliounen Touristen un.
Biller
-
Bléck op de Michiganséi
-
Eastern Michigan University zu Ypsilanti
-
De Flint River
-
D'Skyline vun Detroit
Um Spaweck
| Commons: Michigan – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.