Mathias Adam

De Mathias Adam, gebuer den 19. November 1850 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 17. Februar 1936 zu Munneref[2], war e lëtzebuergesch…

Mathias Adam
Mathias Adam
Gebuer 19. November 1850
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Februar 1936
Munneref
Alter 85 Joer
Aktivitéit Enseignant

De Mathias Adam, gebuer den 19. November 1850 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 17. Februar 1936 zu Munneref[2], war e lëtzebuergesche Pedagog.

Liewen

De Mathias Adam war Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Esch-Uelzecht, dann zu Ettelbréck an zu Walfer, bis en 1887 d'Péitenger Uewerprimärschoul krut.

1881 ass duerch e Gesetz, dat de Mathias Adam mat ausgeschafft hat, d'Schoul fir Kanner vu 6 bis 12 Joer obligatoresch ginn.

1884 huet en d'Zäitschrëft Pädagogischer Sprechsaal gegrënnt an e war Redakter vum Luxemburger Lehrerblatt, dat spéider a Luxemburger Lehrerzeitung ëmbenannt gouf.

Hien huet och d'Iddi ënnerstëtzt, datt Coursë fir déi net méi schoulflichteg Kanner och misste gratis sinn a hien huet dofir och 1895 e Schoulbuch geschriwwen. D'Verbreedung vun der Kultur an alle soziale Schichte war him och e grousst Uleies.

1900 huet hien de Lehrerverband matgegrënnt a war bis 1918 President dovun.

Um Schoulgesetz vun 1912 war hie mat dru bedeelegt.

Och d'Volleksbildungsveräiner huet hie mat an d'Liewe geruff, a war de President vun der Federatioun vun dëse Veräiner. Weider war de Mathias Adam Chefredakter vun der Wochenzeitung Die neue Zeit, déi de 26. Mäerz 1911 fir d'éischt erauskoum.

De Mathias Adam war mat der Jeanne Catherine Huss bestuet.

Wéi en 1915 pensionéiert gouf ass en op Munneref geplënnert.

Hien ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen an um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewe ginn.[2][3]

De Lycée technique souwéi eng Strooss zu Péiteng goufen no him benannt.

Publikatioun

  • Lehr- und Lesebuch für die Fortbildungsschulen des Großherzogtums Luxemburg. 1895.

Gielchen

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. ↑ Gebuertsakt Nr. 399 vum 20. November 1850 vun der Stad Lëtzebuerg
  2. ↑ 2,0 2,1 2,2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 19. Februar 1936
  3. ↑ Noruff, Jong-Hémecht Heft 5, Mee-Juni 1936


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.