Mars-Scout-Programm
De Mars-Scout-Programm ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA zanter 2005 an ass Deel vum Mars-Fuerschungsprogramm. Dozou gehĂ©ieren d'Mars-Scout-Missiounen dïżœ…


De Mars-Scout-Programm ass e Fuerschungsprogramm vun der NASA zanter 2005 an ass Deel vum Mars-Fuerschungsprogramm. Dozou gehĂ©ieren d'Mars-Scout-Missiounen dĂ©i manner kĂ€schtenintensiv Projete sinn (bis 500 Milliounen Dollar). Grad wĂ©i beim Discovery-Programm sinn Ămfang an Ausriichtung begrenzt. DĂ©i mĂ«ttel Klass vu Mars-Missioune am Mars Exploration Program ass verglĂ€ichbar mam New-Frontiers-Programm. KĂ€schtepunktmit tĂ«scht 500 Mio. bis 750 Mio. Dollar. DĂ«s weider ausgeluecht Missioune si generell Orbiter. De Mars Reconnaissance Orbiter ass dĂ©i Ă©ischt Missioun vun dĂ€r Klass. DĂ©i opwennegst a kĂ€schtenintensiivst Projeten (vu 750 Mio. Dollar bis zu e puer Milliarden Dollar) sinn d'FlaggschĂ«ff-Missiounen, wouvun dat Ă©ischt de Mars Science Laboratory (MSL) ass.[1]
Missiounen
D'Missioune vum Mars-Scout-Programm sollen duerch e Concours ausgewielt ginn. Verschidden international Wëssenschaftler solle matenee mat méiglechst innovative Virschléi konkurréieren. Sou ware fir déi éischt Mars-Scout-Missioun nieft der Phoenix-Sond, e Mars-Fliger, en Orbiter fir d'Sich no vulkanescher Aktivitéit an eng Missioun fir Prouwen ze huelen an der Endauswiel.[2]
Mars Scout 1
Déi éischt Missioun vum Programm, Mars Scout 1, war d'Landesond Phoenix, déi de 4. August 2007 gestart an de 25. Mee 2008 (UTC) erfollegrÀich um Mars gelant war. De KÀschtepunkt vun der Missioun, inklusiv d'Drorakéit louch bei ronn 420 Milliounen Dollar[3].
Mars Scout 2
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: MAVEN.
Mars Scout 2 soll 2013 starten. Zwee Missiounskonzepter aus 26 virgeschloene goufen dofir am Januar 2007 erausgesicht, 2008 goufen doraus eng definitiv Missioun bestëmmt. D'Konzepter waren:[4]
- Mars Atmosphere and Volatile Evolution (MAVEN): En Orbiter géif d'Froen iwwer d'Marsklima an d'Bewunnbarkeet vum Planéit beÀntwerte souwéi d'VerstÀndnes vun dynamesche Prozesser an der ieweschter MarsatmosphÀr an an der IonosphÀr verbesseren.
- The Great Escape: D'Missiounskonzept ass och als Orbiter ausgeluecht. D'Raumsond géif d'Struktur an d'Dynamik vun der ieweschter MarsatmosphÀr studéieren, a géif ausserdeem potentiell biogen AtmosphÀrebestanddeeler (z. B. Methan) vermoossen.
De 15. September 2008 gouf d'Missioun MAVEN vun der NASA zeréckbehalen.
Mars Scout 3
Fir 2018 ass déi drëtt Missioun vum Programm virgesinn. Als ConcoursbeitrÀg ginn nieft konventionellen Orbiter a stationÀre Lander, och Sonden déi fléien (Fliger, Ballonen), Penetratoren, oder Konzepter fir Eenheeten déi goen, sprangen oder klotere kënnen, erwaart.
Kuckt och
Referenzen
- â Mars Exploration Design Reference Mission Set: http://solarsystem.nasa.gov/missions/future-mars1.cfm. 20. Aug. 2006
- â Space Today: http://www.spacetoday.org/SolSys/Mars/MarsExploration/MarsScout2007.html. 20. Aug. 2006
- â NASA:Phoenix launch press kit (August 2007)
- â NASA: NASA Selects Proposals for Future Mars Missions and Studies, 8. Januar 2007
Um Spaweck
- (en) Mars-Exploration: Missions
- (en) ARES-Marsflugzeug
- (en) Mars Scout 2007
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.