Maria Schell

D'Maria Schell (eigentlech Margarete Schell), gebuer de 15. Januar 1926 zu Wien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten, war eng Schwäizer-é…

Maria Schell
Maria Schell
am Film "Le Notti Bianche" (1957)
Gebuertsnumm Maria Margarete Anna Schell
Gebuer 15. Januar 1926
Wien
Gestuerwen 26. Abrëll 2005
Preitenegg
Alter 79 Joer
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Schwäiz, Éisträich
Aktivitéit Schauspillerin, Schrëftstellerin, Biographin, Filmschauspillerin, Theaterschauspillerin, Regisseurin, Musekerin
Auszeechnungen Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland, Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes
Famill
Bestuet mat Horst Hächler,
Veit Relin (1.1.1966–1.1.1988)
Papp Hermann Ferdinand Schell
Mamm Margarethe Noé von Nordberg
Geschwëster Immy Schell, Carl Schell, Maximilian Schell
Kanner Marie Theres Relin
D'Schell als gekidnäppten däitsch Doktesch am Zweete Weltkrichsdrama Die letzte Brücke (1954)

D'Maria Schell (eigentlech Margarete Schell), gebuer de 15. Januar 1926 zu Wien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2005 zu Preitenegg, Kärnten, war eng Schwäizer-éisträichesch Schauspillerin. Si war eng vun deene gréisste Stare vum däitschen Nokrichsfilm.

Hir éischt Haaptroll hat si 1949 am Film Der Engel mit der Posaune. Duerno koume Filmer mam Dieter Borsche a mam O. W. Fischer, mat deem si souzesoen d'Traumpaar vum däitsche Film vun den 1950er Jore war. Die letzte Brücke ënner der Regie vum Helmut Käutner huet hir 1954 d'Gëlle Palm op den Internationale Filmfestspiller vu Cannes an och den internationalen Duerchbroch abruecht.

Am Tatort-Krimi Heilig Blut vum WDR war d'Maria Schell am Januar 1996 an der Roll vun enger Äbtissin ze gesinn. Fir d'lescht virun enger Kamera war si 2002 am Dokumentarfilm Meine Schwester Maria, deen hire Brudder Maximilian iwwer si gedréit huet. Allen zwee krute se dofir e Bambi.

D'Schell huet an hire leschte Joren un Demenz gelidden a ganz zeréckgezunn a Kärnten an den éisträicheschen Alpe gewunnt. Am Abrëll 2005 ass si un de Suitë vun enger Longenentzündung gestuerwen.

Filmer

Kino

Um Spaweck

 Commons: Maria Schell – Biller, Videoen an Audiodateien


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.