Library of Congress

D'Library of Congress, d'Bibliothéik vum US-Kongress zu Washington D.C. ass de facto d'Nationalbibliothéik vun den USA, a se ass geduecht fir de Membere vum U…

Library of Congress
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Entréeshall vum Thomas Jefferson-Gebai

D'Library of Congress, d'Bibliothéik vum US-Kongress zu Washington D.C. ass de facto d'Nationalbibliothéik vun den USA, a se ass geduecht fir de Membere vum US-amerikanesche Kongress Recherchen an all Wëssensgebidder z'erlaben.

D'Gréisst

D'Library of Congress ass eng vun de gréisste Bibliothéiken op der Welt. D'Kollektioune begräife méi wéi 29 Millioune Bicher an anert gedréckte Material a 470 Sproochen, iwwer 58 Millioune Manuskripter, déi gréisst Sammlung vun ale Bicher, dorënner eng Gutenberg Bibel, iwwer eng Millioun Regierungspublikatiounen, eng Millioun Dageszeitungen aus der ganzer Welt aus de leschten dräi Joerhonnerten, 33.000 gebonne Bänn mat Zeitungen, eng hallef Millioun Mikrofilm-Spullen, iwwer 12 Millioune Fotoen a 4,8 Milliounen Pläng, Partitiounen a Kaarten. Dobäi kommen 2,7 Milliounen Tounopnamen.

D'Grënnung

Nodeem den US-President John Adams de Regierungssëtz vu Philadelphia op Washington D.C. verluecht hat, gouf d'Library of Congress de 24. Abrëll 1800 gegrënnt. Et goufen an deem Ament 5.000$ prettgestallt fir Bicher ze kafen a Raim auszestafféiere fir déi Bicher ze lageren. Um Ufank war d'Bibiliothéik am neie Kapitol ënnerbruecht. Nodeem d'Bibliothéik op 3000 Bicher koum, ass se 1814 vu britteschen Truppen a Brand gestach ginn.

Sou koum et, datt den déizäitege President Thomas Jefferson dem Kongress seng eege Bibliothéik mat 6.487 Bicher zum Verkaf ugebueden huet. De Kongress huet se fir 23.950 $ kaaft; dat war de Grondstee fir eng national Bibliothéik.
De 24. Dezember 1851 koum et zu enger zweeter Katastroph, 35.000 Bicher an aner Dokumenter sinn an engem grousse Feier verbrannt.

Déi haiteg Gebaier

Thomas Jefferson-Gebai, Library of Congress

Haut ass d'Bibliothéik op dräi Gebaier verdeelt, alleguer zu Washington D.C.:

  • D'Thomas Jefferson-Gebai an der First Street SE, dat 1897 opgemaach huet, a laang d'Haaptgebai vun der Bibliothéik war.
  • D'John Adams-Gebai an der Second Street SE, dat 1981 seng Dieren opgemaach huet.
  • D'James Madison-Gebai an der Indipendant Avenue SE, dat zanter 1981 den Haaptsëtz vun der Bibliothéik ass.

Enn 2005 huet d'Bibliothéik e kénge Plang ugekënnegt, d'World Digital Library, an där Bicher an all aner Dokumenter digital sollen erfaasst ginn, an op déi Manéier besser versuercht a besser disponibel solle ginn.

Um Spaweck

 Commons: Library of Congress – Biller, Videoen an Audiodateien


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.