Libellen
Grousslibellen (Anisoptera) Klenglibellen (Zygoptera) Urlibellen (Anisozygoptera)
| Libellen | |||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Jonke Männche vun der Leucorrhinia rubicunda (Nordische Moosjungfer), déi et och zu Lëtzebuerg gëtt (Nordische Moosjungfer), déi et och zu Lëtzebuerg gëtt | |||||||||||
| Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
| Odonata | |||||||||||
| Ënneruerdnungen | |||||||||||
|
Grousslibellen (Anisoptera) | |||||||||||
Libellen (Odonata) sinn eng Uerdnung an der Klass vun den Insekten (Insecta). Weltwäit si ronn 4700 Aarte vu Libelle bekannt.
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Systematik vun de Libellen.
Libellen zu Lëtzebuerg
2006 konnten enger Studie vum Roland Proess no, 62 Libellenaarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn.
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Libellen zu Lëtzebuerg.
Nimm
"Waasserjoffer" a "Spéngelschësser" sinn déi (nieft Libell) gängest lëtzebuergesch Bezeechnungen fir dës Insektenuerdnung. Variante vu "Waasserjoffer" si Joffer, Waasserfra, -frächen, -mamm, -nënnchen, -popp, oder -pippelchen. Dem Luxemburger Wörterbuch no géifen s'esou differenzéiert: "déi eng [d.h d'Spéngelschësser] si méi kleng, ganz dënn, bal wéi eng Spéngel mat engem décke gliese Kapp, a si hun eng Faarf, wéi wa s'aus Stol wieren — déi aner [d'Waasserjofferen] si vill méi grouss a méi déck, mat engem frääschleche Kapp, mat gréngelzege Flillécken a mat engem gielzeg grénge Bauch."[1]
Literatur
- Proess, R., 2006: Verbreitungsatlas der Libellen des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Trav. sc. Musée nat. hist. nat. Luxembourg 47, 164 S.
Um Spaweck
| Commons: Odonata – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Lemma "Joffer" am Luxemburger Wörterbuch" op engelmann.uni.lu; nogekuckt 06.07.2023.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
