Lex Jacoby
Den Alexandre ("Lex" oder "Alex") Jacoby, gebuer den 28. Februar 1930 zu Jonglënster, a gestuerwen den 20. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Sch…
| Lex Jacoby | |
|---|---|
|
am Joer 2004 | |
| Gebuer |
28. Februar 1930 Jonglënster |
| Gestuerwen | 21. November 2015 |
| Alter | 85 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Enseignant |
| Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
| Famill | |
| Kanner | Nathalie Jacoby |
|
| |
Den Alexandre ("Lex" oder "Alex") Jacoby, gebuer den 28. Februar 1930 zu Jonglënster, a gestuerwen den 20. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
Säi Liewen
De Lex Jacoby war vun 1962 bis 1990 zu Clierf Schoulmeeschter. Zanter 1951 huet hien op ville Plaze literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an den nos cahiers. Hien huet d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton erausginn, déi 2004 hir 25 Joer gefeiert huet. Vun 2009 un huet hien och an der Zäitschrëft Koplescht – fréier an hott matgeschafft.
Wierker
1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. Scho fréi fanne sech déi spéider weiderentwéckelt Theemen, d'Joreszäiten an d'Natur. No zwee Gedichtbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.
Bicher
- Die Sehnsucht des Schamanen. Gedichter an Erzielungen, 1952.
- Der Fremde. Erzielung, 1954.
- Le Pavot Blanc. Gedichter, 1962.
- Luxemburg. Texter fir a Bildband, 1963.
- Der Grenzstein. Feuilletons, 1963.
- Nachts gehen die Fische an Land. Erzielung, 1980.
- Logbuch der Arche. Roman, 1988.
- Der fromme Staub der Feldwege. Erzielung, 1990.
- Spanien heiter bis wolkig. Dagbuch, 1994.
- Wasserzeichen. Erzielungen, 1995.
- Remis in der Provence. Erzielungen, 2000.
- Wie nicht ganz schwarzer KOHLENSTEIN. Roman, 2001
- Die Deponie. Roman, 304 S., Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006.
Weider Publikatiounen
- Willy Flener & Lex Jacoby, 1954. Op der Kopleschter Heed. Volleksstéck an 3 Akten.
- Das Herz von Kopstal. Nos cahiers 3/4 (2003). Spezialnummer iwwer de Kanton Capellen.
Literaturpräisser
- Lëtzebuerger Literaturpräis 1957 fir Der Fremde.
- Servais-Präis 1996 fir Wasserzeichen.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Lex Jacoby – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Lex Jacoby im Alter von 85 Jahren verstorben wort.lu 21. November 2015
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
