Jeannot Belling
De Jeannot Belling, gebuer den 9. Februar 1952 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 4. Juli 2017[1][2], war e lëtzebuergesche Polit…
| Jeannot Belling | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
9. Februar 1952 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
4. Juli 2017 Lëtzebuerg |
| Alter | 65 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | Demokratesch Partei |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
|
| |
De Jeannot Belling, gebuer den 9. Februar 1952 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen de 4. Juli 2017[1][2], war e lëtzebuergesche Politiker (DP).
De Jeannot Belling war vum Januar 1982 bis den November 2011 Member vum Gemengerot vun der Stad Réimech, als Schäffe vun 1994 bis 1996 an als Buergermeeschter vum 1. Januar 1997 bis den 8. November 2009. Vun 2001 bis 2011 war hie President vun der Verwaltungskommissioun vum Réimecher Hospice civil[3]. Vun 2000 bis 2012 war hien de President vum SER (Syndicat des eaux de Remich); hie war och laang Sekretär vum Syndicat d'initiative et de tourisme vun der Stad Réimech a President vun der Schoulkommissioun[4].
Vun 1999 bis 2004 war hien Deputéierten an der Chamber[3].
An dem Ensemble vocal Jubilate Musica, der Chorale Sainte-Cécile vu Réimech[5], der Chorale Sainte-Cécile vu Wuermer[3] an an der Chorale réunie Donwen-Fluessweiler[4] war de Jeannot Belling als Sänger a Solist aktiv.
De Jeannot Belling war bal 40 Joer laang President vun der Amiperas-Sektioun Réimech, jorelaang Member vum Verwaltungsrot vun der Amiperas a vun 2014 u bis zu sengem Doud Nationalpresident vun der Organisatioun[3][6]. Vun 2000 bis 2015 war hie Member vum Verwaltungsrot vum SMA (Service moyens accessoires)[3].
Berufflech huet de Jeannot Belling bei der Douane geschafft[5].
A senger Jugend war de Jeannot Belling sportlech engagéiert: vun 1964 bis 1970 war hie Member vun der Nationalequipe vun der lëtzebuergescher Schwammfederatioun. Seng Paradediscipline war d'800-Meter-Streck[7].
Gielercher an Éierungen
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[8]
- Zu Réimech dréit e Park dem Jeannot Belling säin Numm.[9]
Referenzen
- ↑ Jeannot Belling ist gestorben op www.tageblatt.lu
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. Juli 2017
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Luxemburger Wort 2017-07-06, S. 50-51.
- ↑ 4,0 4,1 Luxemburger Wort 2017-07-07, S. 72.
- ↑ 5,0 5,1 Anne-Aymone Schmitz: Ein geselliger Mensch, den jeder kannte: ein Porträt des kürzlich verstorbenen Remicher Ehrenbürgermeisters Jeannot Belling. Luxemburger Wort 2017-07-11, S. 24.
- ↑ "De Jeannot Belling ass am Alter vu 65 Joer gestuerwen." rtl.lu, leschten Update: 05.07.2017, 15:49:42.
- ↑ Patrick Welter: Der Tenor ist abgegangen. Jeannot Belling, langjähriger Bürgermeister von Remich, ist tot. Lëtzebuerger Journal 2017-07-06, S. 19.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004 mat der Lëscht vun de Gielercher vun der Chamber aus dem Joer 2004
- ↑ Parc Jeannot Belling. www.visitluxembourg.com. Gekuckt den 13.06.2026.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
