Irak

Den Irak ass e Staat am Weste vun Asien. E grenzt u Kuwait, Saudi-Arabien, Jordanien, Syrien, d'Tierkei, den Iran an de Persesche Golf an ëmfaasst dobäi dee g…

Irak
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
الجمهورية العراقية
al-Dschumhūriyya al-Irāqiyya (arab.)
کۆماری عێراق
Republik Irak
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch
Haaptstad Bagdad
Staatsform Bundesstaat
Staatsleedung
President vum Irak Nizar Amidi
Premierminister vum Irak Mohammed Schia' as-Sudani
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 437.072 km²
(58. Plaz)
Bevëlkerung 38.274.618 (2017)
(34. Plaz)
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 3. Oktober 1932
Nationalfeierdag 14. Juli
Nationalhymn Mautini
Praktesch Informatiounen
Zäitzon UTC +3
Internet-TLD .iq
Internationalen Telefonsprefix +964

Den Irak ass e Staat am Weste vun Asien. E grenzt u Kuwait, Saudi-Arabien, Jordanien, Syrien, d'Tierkei, den Iran an de Persesche Golf an ëmfaasst dobäi dee gréissten Deel vum "Zweestroumland" Mesopotamien tëscht dem Euphrat an dem Tigris, an deem déi fréist Héichkulturen am westlechen Deel vun Asien entstane sinn, souwéi Deeler vun den ugrenzende Bierg- a Wüsteregiounen. E gëtt zu de Maschrekstaate gezielt.

Den Irak ass zanter dem Irakkrich 2003 ënner militärescher Occupatioun duerch Truppe vun enger internationaler Koalitioun an ass fir de Moment nëmmen als deelsouverän ze betruechten. D'Zeréckkommen zu gefestegte staatleche Strukturen ass nach net duerchgoend verwierklecht.

Geographie

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Populatioun a Relioun

Den Irak huet no eegenen Donnéeën ongeféier 26 Mio. Awunner. Déi zentral Provënze Bagdad a Babylon sinn am dichtste bewunnt. Ongeféier 75-80 % vun der Populatioun sinn Araber, 15-20 % si Kurden, an déi lescht 5 % sinn ënner anerem Turkmenen, Chaldo-Assyrer, Yeziden, Armeenier a Sabäer.

Iwwer 97 % vun der Populatioun ass mosleemesch. Dovu si ronn 60 % Schiitten a 35 % Sunitten. E groussen Deel vun de Kurde sinn och sunittesch. Da liewen am Irak nach schätzungsweis 50.000 bis 60.000 Yeziden. Nieft de béiden Haaptrichtunge vum Islam hu sech eng ganz Rei alorientalesch Reliounen erhalen, wéi z. B. d'Jesiden an d'Mandäer. Et gëtt Membere vum orientalesch-chrëschtleche Glawen:Chaldäesch-Kathoulesch Kierch, Assyresch Kierch aus dem Osten, Al-Apostoulesch Kierch aus dem Osten, Gregorianer, réimesch a syresch Katholicken, armeenesch Chrëschten, Aalsyresch-Orthodox asw. (am Ganzen 2 % vun der Gesamtpopulatioun). Am Irak liewen ausserdeem nach no de Verdreiwungen a Massemorden ë. a. am Kader vun der "Anfal-Campagne" nach schätzungsweis 2.500 Judden an am Südosten 20.000 - 50.000 Marsch-Araber.

Geschicht

20. Joerhonnert

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Saddam Hussein

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Invasioun vun den USA an Alliéierten

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Irak – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.