Indochinit

Indochinitte gehéieren zu den Tektitten. Dat sinn natierlech Glieser, déi beim Aschlag vu Meteoritten entstane sinn.

Indochinit
Indochinit aus Thailand

Indochinitte gehéieren zu den Tektitten. Dat sinn natierlech Glieser, déi beim Aschlag vu Meteoritten entstane sinn.

Op der Äerd existéiere véier relevant Streefelder, op deenen et Tektitte gëtt. Dat gréisst ass dat australasiatescht Feld, an ëmfaasst Südaustralien, d'Philippinnen, Indonesien an Deeler vun Indochina an d'Volleksrepublik China. Tektitten déi am Gebitt vun Indochina (Vietnam, Kambodja, Laos) gefonnt goufen, ginn als Indochinitte bezeechent. Bis elo gouf kee grousse Meteoritkrater fonnt zu deem si gehéiere kéinten.

Déi heefeg - dacks fälschlecherweis als Meteoritten - ugebueden Indochinitte gi meeschtens am thailänneschen Khen-Kon-Distrikt, nordëstlech vu Bangkok, fonnt. Charakteristesch bei den Indochinitten aus Thailand ass déi donkel Faarf souwéi déi déif Schmëlzlächer a Kaulen, déi de Remaglypte vun den Eisemeteoritte gläichen. Vum Gestengstyp hier gläiche si dem ierdeschen Obsidian, sinn awer méi silikaträich a bal waasserfräi.

Den zougehéierege Meteorit ass méiglecherweis viru 750.000 Joer am Dall vu Tonkin virum haitege Vietnam ageschloen.

Cheemesch Zesummesetzung: 73 % SiO2; 12,8 % Al2O3; 2,4 % K2O; 4,4 % FeO; 2,5 % MgO; 1,0 % CaO; 1,5 % Na2O3; 0,7 % TiO2; 0,1 % MnO; 0,04 % Fe2O3


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.