Ieper
Ieper (de: Ypern, fr: Ypres) ass eng Stad an der Provënz Westflandern, am sougenannte Westhoek. Zu der Gemeng Ieper gehéieren och nach d'Uertschafte Boezinge,…
| Ieper | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| An anere Sproochen |
fr: Ypres de: Ypern wa: Îper |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Ieper |
| Gemeng | Ieper |
| Awunner | 35.039 (1. Januar 2022) |
| Fläch | 13061 |
| Koordinaten |
51° 01’ 0’’ N 03° 01’ 00’’ O |
| Telefonszon | 057 |
| Postcode | 8900, 8902, 8904, 8906, 8908 |
| Websäit | https://www.ieper.be/ |
|
| |
|
| |
Ieper (de: Ypern, fr: Ypres) ass eng Stad an der Provënz Westflandern, am sougenannte Westhoek. Zu der Gemeng Ieper gehéieren och nach d'Uertschafte Boezinge, Brielen, Dikkebus, Elverdinge, Hollebeke, Sint-Jan, Vlamertinge, Voormezele, Zillebeke a Zuidschote.
Geschicht
De Balduin II. de Plakkapp (879–918) huet zu Ieper, dat zu der Grofschaft Flandern gehéiert huet, géint Attacke vun den Normannen eng Festungsmauer baue gelooss. Am spéide Mëttelalter huet Ieper mat Gent a Brugge zu de bedeitendste Stied vu Flandern gehéiert. Stëfter aus Ieper goufen a ganz Europa gehandelt. 1559 bis 1801 war Ieper e Bëschofssëtz.
Wärend dem Éischte Weltkrich war Iepern praktesch déi ganzen Zäit staark ëmkämpft. D'Alliéiert, besonnesch d'Truppe vum britteschen Empire, hunn d'Stad bis zum Enn verdeedegt. Iwwer eng Véierels Millioun vun hinne sinn do leie bliwwen. Um Enn vum Krich war d'Stad bal komplett zerstéiert. Nodeem d'Iddi, d'Ruinen als e Mémorial stoen ze loossen, verworf gi war, gouf se an de Joerzéngten duerno mat Hëllef vu Suen, déi Däitschland nom Krich huet misse bezuelen, no historesche Virbiller nees opgebaut.
Ronderëm Ieper sinn eng 170 Zaldotekierfechter, an den Tourismus am Zesummenhang mat den Evenementer vum 1. Weltkrich spillt eng wichteg Roll an der Stad.
Kuckeswäertes
- Maartplaz, mat de Biergerhaiser ronderëm.
- d'Lakenhallen ('"Duchhalen") eent vun de gréissten net-reliéise gotesche Gebaier an Europa, mat sengem 70 Meter héije Beffroi, deen zum UNESCO- Weltierwe gehéiert.
- d'Sint-Marties-Kathedral, Sëtz vum fréiere Bistum Ieper (1561 bis 1801).
- d'Krichsmonument Menenpoort.
- Al Festung a Schützegrief aus dem Éischte Weltkrich.
Galerie
-
d'Duchhalen
-
Iepern 1919
-
Menenpoort
Um Spaweck
| Commons: Ypres – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
