Grofschaft Chiny
D'Grofschaft Chiny war eng Grofschaft, déi am Südweste vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg an an Nordweste vum haitegen Departement Meuse louch, e Gebitt, d…




D'Grofschaft Chiny war eng Grofschaft, déi am Südweste vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg an an Nordweste vum haitegen Departement Meuse louch, e Gebitt, duerch dat d'Semois an d'Kuer derduerchlafen.
Warscheinlech goung s'ervir aus der Grofschaft Ivoix[1] (och nach Yvoy, Ivoy[2] oder Yvois), déi an d'Hänn vum Otto vu Warcq gefall ass. Nodeem 971 Chiny gegrënnt gi war, hu sech dem Otto seng Nofollger no där Buerg genannt.
Wéi de Grof Louis IV. vu Chiny 1226 gestuerwen ass, goung d'Grofschaft Chiny un d'Grofschaf Looz iwwer, well dem Louis seng Duechter Jeanne mam Arnoul IV. vu Looz bestuet war.
D'Koppel huet hire Besëtz ënner hiren zwéi Jonge verdeelt:
Wéi de Louis 1299 gestuerwen ass, huet säin Neveu Arnoul V., dem Jean säi Jong, Chiny geierft, soudatt déi zwou Grofschaften nees a Personalunioun vereenegt waren.
1362 huet de Godefroid II. vun Heinsberg d'Grofschaft dem Arnoul IV. verkaf, dee se sengersäits 1364 dem Wenzel I. vu Lëtzebuerg verkaf huet. D'Gebitt blouf awer ëmmer nieft dem Herzogtum Lëtzebuerg bestoen, gouf also ni voll integréiert, sou datt dat Ganzt nach am spéiden 18. Joerhonnert als Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ernimmt gëtt.
Kuckt och
Literatur
- Arlette Laret-Kayser: Entre Bar et Luxembourg: Le comté de Chiny des origines à 1300. Bruxelles (éditions du Crédit Communal, Collection Histoire, série in-8°, n° 72), 1986; 273 pages; ISBN 2-87193-007-4
Referenzen an Notten
- ↑ (fr) A. Laret, Christian Dupont, À propos des comtés post-carolingiens : les exemples d'Ivoix et de Bastogne. Revue belge de Philologie et d'Histoire, tome 57, fasc. 4 805–823 (1979). Gekuckt de 16.02.2022.
- ↑ (fr) YVOY, ou IVOY - Wikisource. L'Encyclopédie/1re édition/. fr.wikisource.org. Gekuckt de 16.02.2022.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.