Grad Fahrenheit

Grad Fahrenheit (Symbol: °F) ass eng Moosseenheet fir d'Temperatur, déi vum däitsche Physiker Gabriel Fahrenheit 1724 proposéiert gouf. Op senger Skala louc…

Grad Fahrenheit

Grad Fahrenheit (Symbol: °F) ass eng Moosseenheet fir d'Temperatur, déi vum däitsche Physiker Gabriel Fahrenheit 1724 proposéiert gouf. Op senger Skala louch de Gefréierpunkt vum Waasser bei 32 °F an de Punkt, wou et kacht, bei 212 °F. Haut gëtt d'Fahrenheit-Skala vun der Celsius-Skala ofgeleet, an zwar: T(°F)=1,8⋅T(°C)+32.

De Fahrenheit hat ursprénglech 0 °F als déi keelst Temperatur, déi bis dohi gemooss gouf, festgeluecht, a 96 °F als déi vum Blutt vun engem Päerd (96 an net 100, well en d'Skala an 12 gedeelt huet, an déi dann nach eng Kéier an Aachtel dovun).

Länner, an deenen d'Fahrenheit-Skala gebräichlech ass:
██ Länner déi d'Fahrenheit-Skala benotzen. ██ Länner déi d'Fahrenheit- an d'Celsius-Skala benotzen. ██ Länner déi d'Celsius-Skala benotzen.

D'Skala a Grad Fahrenheit gëtt haut just nach an de Vereenegte Staaten, am Belize an op de Kaimaninsele benotzt.

Ëmrechnen a Grad Celsius

Fir eng Temperatur vu Grad Fahrenheit a Grad Celsius ëmzerechnen, muss een 32 ofzéien an d'Resultat duerch 1,8 dividéieren:

T(°C)=T(°F)−321,8.

Ee Rechebeispill: Fir 50 °F rechent ee fir d'éischt 50−32=18 an dann 18/1,8=10. Deemno kritt een als Resultat 10 °C.


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.