Global Positioning System
De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministère deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng welt…


De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministère deen et erméiglecht, mat Hëllef vu Satellitten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.
Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mä hautdesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.
De GPS-System ass de 17. Juli 1995 offiziell a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeem den US-Verdeedegungsministère den Datestroum vun de Satellitten net méi kryptéiert, si GPS-Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Neierdéngs gi GPS-Rezeptore souguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.
Änlech Systemer sinn zum Beispill de russesche Positiounssystem Glonass, oder de Galileo, e Projet vun der EU, mam selwechte Funktiounsprinzip wéi de GPS an de Glonass, deen den Europäer e Positiounssytem soll garantéieren, am Fall wou d'Amerikaner hire GPS ofschalten an nëmmen nach fir d'Militär benotze géifen.
Funktiounsprinzip
En GPS Satellit schéckt all Sekonn 12,5 Funksignaler, mat der Positioun vum Satellit a mat der Auerzäit vum Ofsende vum Datepak. All Signal kritt eng Nummer, soudatt de GPS-System näischt verwiessele kann.
Eng Positiounsbestëmmung funktionéiert mat op d'mannst 3 Satellitten, déi sech de ganzen Zäit mat enger Vitess vun 3,87 km/s an enger Héicht vu ronn 20.000 km beweegen.
Um Spaweck
| Commons: Global Positioning System – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.