Fernand Fox

De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, a gestuerwen den 23. September 2024[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller.

Fernand Fox
Fernand Fox
De Fernand Fox am Januar 2011 (Foto François Besch)
Gebuer 26. Januar 1934
Bollenduerfer Bréck
Gestuerwen 23. September 2024
Alter 90 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Schauspiller

De Fernand Fox, gebuer de 26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, a gestuerwen den 23. September 2024[1], war e lëtzebuergesche Schauspiller.

Hien ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen.

Karriär

No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei Arbed schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, an der Scheffer-Allee um Lampertsbierg opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.

1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.

Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.

Och an enger sëlleger Filmer, zulescht am Andy Bausch sengem Rusty Boys, war hien ze gesinn.

Filmer

Kino

Televisioun

Documentaire

No him genannt

Am Quartier Zéisseng vun der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss an der Cité Guddebierg nom Fernand Fox genannt[2].

Gielercher


Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. ↑ "Lëtzebuerger Schauspiller Fernand Fox am Alter vun 90 Joer gestuerwen". rtl.lu, 24.09.2024.
  2. ↑ https://g-o.lu/3/6tOmT
  3. ↑ (fr) Medaillen ... au ministère des Affaires culturelles. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 35. Escher Tageblatt (24.06.1994). Gekuckt de 07.09.2026.
  4. ↑ Auszeechnungen op Nationalfeierdag 2019 an der Philharmonie op rtl.lu


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.