Emile Back

Den Emile (“Mulles”) Back, gebuer de 24. Mee 1933 zu Bech-Maacher, a gestuerwen den 11. Mäerz 2012 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Syndikalist a Poli…

Emile Back
Emile Back
Gebuer 24. Mee 1933
Bech-Maacher
Gestuerwen 11. Mäerz 2012
Nidderkuer
Alter 78 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei KPL
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

Den Emile (“Mulles”) Back, gebuer de 24. Mee 1933 zu Bech-Maacher, a gestuerwen den 11. Mäerz 2012 zu Nidderkuer, war e lëtzebuergesche Syndikalist a Politiker.

Den Emile Back, deen als “ajusteur-serrurier” op der Déifferdenger Schmelz (HADIR, duerno Arbed) geschafft huet, war en aktive Militant vum LAV an duerno vum OGB-L; vun 1979 bis zu senger Pensioun 1990 war hien haaptberuffleche Personaldelegéierten.

Vum 6. November 1987 u bis an d'Joer 2005 war hien am Déifferdenger Gemengerot, laang Zäit als Member vun der KPL, spéider als Onofhängegen. Vun 1990 bis 1993 war hie Schäffe vun der Gemeng Déifferdeng, wou hien de 25. Abrëll 1990 de Bruno Piazza ersat huet. Vum 19. Abrëll 1994 bis de 5. Juni 1994[1] war hien als Vertrieder vun der KPL an der Chamber, wou hien dem André Hoffmann säi Mandat fäerdeg gemaach huet.

Den Emile Back huet a senger Jugend fir d'A.S. Déifferdeng a virun allem fir d'Red Boys Foussball gespillt.

Literatur

  • Mosar, L., 2012. Hommage à la mémoire de M. Emile Back, ancien Député. Chambre des Députés. Compte rendu des séances publiques N° 7. Session ordinaire 2011-2012. Séance N° 20, mardi 27 mars 2012, S. 240. [1]
  • Zenner, Roby, 2012. À la mémoire d'Emile Back d'Oberkorn. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 84 (28./29. Abrëll), S. 24; Luxemburger Wort 2012, Nr. 111 (11. Mai), S. 68.

Referenzen

  1. ↑ Wort.lu


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.