Constant

De Constant Anton Nieuwenhuis, besser bekannt ënner sengem Pseudonym Constant, gebuer den 21. Juli 1920 zu Amsterdam, a gestuerwen den 1. August 2005 zu Utrech…

Constant
Constant
Gebuer 21. Juli 1920
Amsterdam
Gestuerwen 1. August 2005
Utrecht
Alter 85 Joer
Nationalitéit Kinnekräich vun den Nidderlanden
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Resistenzler, Graveur, Fotograf, Urbanist, Architekturtheoreetiker, Aquafortist, Keramiker, Zeechner, Schrëftsteller, Illustrateur, Wandmoler, Graphiker, Collagist, Lithograph, Holzschnëtzer

De Constant Anton Nieuwenhuis, besser bekannt ënner sengem Pseudonym Constant, gebuer den 21. Juli 1920 zu Amsterdam, a gestuerwen den 1. August 2005 zu Utrecht, war en hollännesche Kënschtler. Hie war ee vun de Matgrënner vun der Grupp Cobra.

De Nieuwenhuis, deen ënner sengem Virnumm Constant sollt bekannt sinn, huet am Ufank gemoolt, mä geschwënn, ënner dem Afloss vum Joan Miró, sech och mat anere kënschtlereschen Ausdrocksweise befaasst.

1948 huet hien, zesumme mam Corneille a mam Karel Appel, den Nederlandse Experimenteele Groep gegrënnt, an am selwechte Joer d'Grupp CoBrA, en Akronym, dee sech aus den Ufanksbuchstawe vun den Nimm vun de Stied Copenhagen, Bréissel an Amsterdam zesummesëtzt. Matgrënner waren de Christian Dotremont an de Joseph Noiret, den "haarde Kär" vum Centre surréaliste révolutionnaire belge, den Dän Asger Jorn, souwéi och den Appel an de Corneille.

Cobra hat eng Rëtsch Ausstellungen zu Kopenhagen, zu Bréissel, zu Amsterdam an zu Léck. Geschwë kënnt et zu Reiwereien an der Grupp (kënschtleresch Meenungsverschiddenheeten, mä och 'Fraleitsgeschichten'), déi de Constant 1950 verléisst a sech zu Paräis nidderléisst. Do lieft en an zimmlech aarme Verhältnesser, a säi Wierk gëtt ëmmer méi vum Krich dominéiert. 1956 organiséiert en zu Alba, an Italien, e Kongress mam Titel Unitären Urbanismus. An Italien entwéckelt en och d'Konzept vun New Babylon, eng Zort labyrtinthesch Stad, a konstanter Beweegung a Verännerung, un deem e bis 1969 schafft. Maquetten dozou huet hien ë. a. op der Documenta11 2002 zu Kassel gewisen.

A senger leschter kënschtlerescher Period huet de Constant sech nees méi der Molerei zougewannt.

Hien ass den 1. August 2005 gestuerwen.


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.