Caligula

De Gaius Caesar Augustus Germanicus, gebuer den 31. August 12 zu Antium als Gaius Iulius Caesar, a gestuerwen de 24. Januar 41 zu Roum, postum bekannt als Calig…

Caligula
Caligula
Gebuertsnumm GAIVS IVLIVS GERMANICI FILIVS TIBERI NEPOS AVGVSTI PRONEPOS DIVI ABNEPOS CAESAR GERMANICVS, GAIVS IVLIVS CAESAR GERMANICVS
Gebuer 31. August 12 jul.
Antium
Gestuerwen 24. Januar 41 jul.
Alter 28 Joer
Doudesursaach Stéchwonn
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker
Fonctioun réimesche Keeser, Senateur, réimesche Konsul
Famill
Bestuet mat Iunia Claudilla,
Livia Orestilla,
Lollia Paulina (38–38),
Milonia Caesonia (39–41)
Papp Germanicus
Geschwëster Drusus Caesar, Nero Iulius Caesar

De Gaius Caesar Augustus Germanicus, gebuer den 31. August 12 zu Antium als Gaius Iulius Caesar, a gestuerwen de 24. Januar 41 zu Roum, postum bekannt als Caligula, war vu 37 bis 41 réimesche Keeser.

Hie war de Jong vum Germanicus an der Agrippina, an duerch seng Mamm den Urenkel vum Keeser Augustus. Wärend senger Jugendzäit goung et héich ier mat den Intrige vum ambiziéise Prätorianerpräfekt Lucius Aelius Seianus. Säi vollstännegen Titel um Enn vu sengem Liewe war Gaius Caesar Augustus Germanicus, Pontifex maximus, Tribunicia potestate IV, Consul IV, Imperator, Pater patriae.

Nom Doud vum Tiberius, de 16. Mäerz 37, gouf de Caligula den 18. Mäerz zum Keeser proklaméiert. Am Ufank war seng Regierungszäit éischter hoffnungsvoll, wann en och perséinlech schwéier Evenementer wéi den Doud vu senger Sëschter, ze verquëssen hat. Dono gouf dem Caligula seng Herrschft ëmmer méi déi vun engem autokratesche Monarch. Hien huet z. B. Dosende vu Senatoren oder héichgestallte Perséinlechkeeten dem Héichverrot ukloen an zum Doud verurteele gelooss. Mat alle Mëttelen huet hie probéiert, de Senat kleng zer halen. Et gëtt Abberzuele vu Skandalgeschichten, déi zanter senger Herrschaft iwwer hie kolportéiert ginn, wéi e seng absolutistesch Muecht missbraucht huet. Him gouf d'Motto oderint, dum metuant ("Solle se mech dach haassen, soulaang se mech fäerten") zougeschriwwen. Dobäi koum en extravaganten a protzege Liewensstil, deen en demonstrativ ausgelieft huet.

Seng Gewaltherrschaft koum op en Enn, wéi hie selwer vun der Prätorianergard, ënnert dem Cassius Chaerea, ermuert gouf. Dono koum et zu enger reegelrechter Damnatio memoriae, d. h. méiglechst vill, wat un hien erënnere géif, gouf zerstéiert.

Literatur

  • Anthony A. Barrett: Caligula. The Corruption of Power. Batsford, London 1989, ISBN 0-7134-5487-3.
  • Arther Ferrill: Caligula, Emperor of Rome. Thames & Hudson, London 1991, ISBN 0-500-25112-6.
  • Theodor Kissel: Kaiser zwischen Genie und Wahn. Caligula, Nero und Elagabal. Artemis & Winkler, Düsseldorf 2006, ISBN 3-538-07233-7.
  • Sam Wilkinson: Caligula. Routledge, London/New York 2005, ISBN 0-415-34121-3 (Serie Lancaster pamphlets in ancient history).
  • Aloys Winterling: Caligula. Eine Biografie. Beck, München 2003, ISBN 3-406-50206-7; C. H. Beck, München 2012, ISBN 978-3-406-63233-4 (korrigéiert Neieditioun).

Um Spaweck

 Commons: Caligula – Biller, Videoen an Audiodateien


Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.