Berca
Berca ass eng Uertschaft an eng Gemeng vu ronn 8.500 Awunner (2011) am Distrikt Buzău, a Rumänien, am Dall vu Floss Buzău.
| Berca | |
|---|---|
|
| |
| Land | Rumänien |
| Vewaltungseenheet | Județul Buzău |
| Buergermeeschter | Denis-Eugen Ionescu |
| Awunner | 7.741 |
| 1. Dezember 2021 | |
| Fläch | 74,310000 km² |
| Héicht | 150,000000 m |
| Koordinaten | 45°17'13"N, 26°40'55"O |
| Postcode | 127035 |
| Websäit | http://primariaberca.ro/ |
|
| |
|
| |
Berca ass eng Uertschaft an eng Gemeng vu ronn 8.500 Awunner (2011) am Distrikt Buzău, a Rumänien, am Dall vu Floss Buzău.
Ausser Berca gëtt et nach eng Dosen aner Uertschaften an der Gemeng: Băceni, Cojanu, Joseni, Mânăstirea Rătești, Pâclele, Pleșcoi, Pleșești, Rătești, Sătuc, Tâțârligu, Valea Nucului a Viforâta.
An der Gemeng gëtt Pëtrol an Äerdgas gefërdert.
Si ass virun allem bekannt fir d'Bullisvulkaner, déi et do an den Hiwwelen no beim Duerf Pâclele gëtt. Dat si rar geologesch Phenomeener, bei deene Bulli a Gaser aus enger Déift vun 3 km eropgedréckt ginn a wéi Miniatur-Vulkaner, op der Äerduerwerfläch austrieden. Se leien an engem geologeschen a botanesche Reservat.
Soss Kuckeswäertes an der Gemeng ass d'mëttelalterlecht Klouschter vu Rătești, an deem haut nach orthodox Nonne liewen.
D'Duerf Pleșcoi ass bekannt fir seng gereezt Wurscht aus Schofsfleesch, Paprika a Knuewelek. Se huet zanter 2019 eng geographesch geschützt Bezeechnung[1] an der EU.
Biller
-
Bullisvulkan
-
Klouschter vu Rătești
-
gebrode Cârnați de Pleșcoi
Um Spaweck
| Commons: Berca – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
