Basalt
Basalt ass e basescht (SiO2-aarmt) Gestengs vu vulkaneschen Originnen. Et besteet virun allem aus enger Mëschung vun Eisen- a Magnesium-Silikater mat Pyroxen a…



Basalt ass e basescht (SiO2-aarmt) Gestengs vu vulkaneschen Originnen. Et besteet virun allem aus enger Mëschung vun Eisen- a Magnesium-Silikater mat Pyroxen a kalziumräichem Feldspat, a meeschtens och mat Olivin. Basalt ass de vulkaneschen Equivalent vum Gabbro (Plutonit), deen déi nämmlecht cheemesch Kompositioun huet.
En entsteet, wann dënnflëssegt, kiselsaieraarmt Magma op der Äerduewerfläch erauskënnt a sech dann zu Basaltlava ofkillt. Basalt ass gewéinlech donkelgro bis schwaarz.
Zwéi Facteure bestëmmen, wéi Basalt ausgesäit, nodeem en haart ginn ass: Killt d'Lava séier of, gëtt et en zesummenhängende Steekoup a Form vun, jee no Temperatur a Gasgehalt, Pahoehoe-Lava oder Aa-Lava. Killt s'awer méi lues of, entstinn, well sech d'Matière zesummenzitt, meterlaang eckeg Basaltsailen (Sailebasalt) senkrecht zu der Fläch, wou en ofkillt. Déi Sailen hu meeschtens e sechseckege Quierschnëtt.
Basalt ass dat Gestengs dat am meeschten op der Äerd verbreet ass. Bal all d'Biedem vun den déiwen Ozeaner sinn aus Basalt, iwwer deem dann eng Couche Sedimentgestengs ass. Um Festland kënnt e bei tektonesche Schwaachzone vir.
An der Géigend vu Lëtzebuerg ass et virun allem an de Vulkanäifel, wou ee Basalt fënnt; d'Uertschaft Mendig z. B. ass zum Deel aus Basaltsteng gebaut, an et goufen do joerhonnertelaang Millesteng aus Basalt fabrizéiert.
Um Spaweck
| Commons: Basalt – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.