Bas
Base sinn am méi enke Sënn all cheemesch Verbindungen, déi a wässereger Léisung an der Lag sinn, Hydroxid-Ionen (OH−) ze bilden, also de pH-Wäert z'erh�…
Base sinn am méi enke Sënn all cheemesch Verbindungen, déi a wässereger Léisung an der Lag sinn, Hydroxid-Ionen (OH−) ze bilden, also de pH-Wäert z'erhéijen. Hydroxid-Ione si cheemesch Verbindungen, déi Protone vun enger Saier ënner Formatioun vun engem Waassermoleküll iwwerhuele kënnen. Eng Bas ass domat d'Géigestéck zu enger Saier a ka se sou neutraliséieren.
Am méi wäite Sënn ginn duerch verschidde Saier-Bas-Konzepter eng wesentlech méi breet Palett vu cheemesche Reaktioune beschriwwen, déi wäit iwwer déi uewe beschriwwe Reaktiounen erausgoe kënnen. Besonnesch wichteg ass d'Konzept nom Lewis (1875-1946) an dat nom Pearson (1919-2022), dee vun haarden a mëlle Saieren a Base schwätzt (HSAB-Konzept).
Saieren a Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.
- Beispill: Salzsaier + Natriumhydroxid gëtt Waasser an Natriumchlorid
Beispiller vu Basen:
- , Natriumhydroxid (Natronlaug)
- , Kaliumhydroxid (Kalilaug)
- , Calciumhydroxid (geläschte Kallek)
- , Ammoniakléisung
Basen hunn e pH-Wäert tëscht 7 a 14, Saieren tëscht 0 a 7.
D'Stäerkt vu Base gëtt mam pKb-Wäert gemooss.
De Gebrauch vu Basen ass net ongeféierlech: Base kënnen organescht Material verätzen (Kleedung, Haut, Aen). Aus Ueleg a Fetter entsti mat Base Seef a Glycerin.
Um Spaweck
| Commons: Basen – Biller, Videoen an Audiodateien |
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.