Backyard
Backyard ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi zanter 1992 existéiert an 2008 nei gegrënnt gouf.
| Backyard | |
|---|---|
|
Backyard op der Fête de la Musique zu Esch-Uelzecht, 2012 | |
| Museksgenre | Alternative Rock |
| Land |
|
| Grënnung | Alternative Rock |
| Websäit | www.backyard.lu |
| Aktuell Memberen | Felix Götz (Gesank), Mike Richartz (Batterie), Michel Blanc (Gittar), Eric Schmit (Keyboards), Sylvain Schrantz (Bass) |
|
| |
Backyard ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi zanter 1992 existéiert an 2008 nei gegrënnt gouf.
Geschicht
Vun 1992 bis 1996
Backyard gouf am Februar 1992 als Schülerband am Lycée Michel Rodange vum Steve "NG" Colin (Gesang), Philippe Kohn (Gittar), Jos Kirps (Gittar), Olivier Ludig (Bass) a Laurent Dura (Batterie) gegrënnt. 1993 koum et zu Neibesetzungen op der Batterie (Mike Richartz) an um Bass (Aly Chrisnach), zugläich huet de Jos Kirps d'Grupp verlooss. Zousätzlech sinn och nach den Xavier Hornick (Gei) an de Marc Halford (Keyboards) zu der Band gestouss. An dëser Besetzung ass och d'CD "The importance of the meaningless" mat 12 Lidder drop opgeholl ginn.
Zanter 2008
Am Abrëll 2008 hunn de Mike Richartz an de Steve Colin decidéiert, fir ënner dem Numm vun hirer aler Band Backyard erëm zesumme Musek ze maachen. Och wann et sech hei ëm deen Numm vun der Band aus den '90er Joren handelt, muss ee Backyard vun 2008 eigentlech als eng nei Band ugesinn; och a grad, wéinst deenen neie Memberen, déi de Stil a Richtung Alternative Rock gedréckt hunn. De Steve Colin huet aus senger Zäit bei Inbetween de Gittarist Michel Blanc matbruecht, an an dëser Besetzung sinn dann och déi éischt Prouwe mat Songwriting ugelaf. Am Juli 2008 ass den Eric Schmit op de Keyboards bei d'Band gestouss. Am Februar 2009 ass de Charel Baumann als Bassist bei Backyard komm.
Am Juni 2011 ass d'Single-CD Back in My Life als Internetdownload op de Maart komm. Zanter dem 30. September 2011 ass Back in My Life och als CD um Maart. D'Lidder Back in My Life an Caught in Poverty hunn et allenzwee bis an d'Top 5 vun den RTL-iTunes Download Charts gepackt. Eleng Back in My Life ass tëscht Juni a September 2011 1.400-mol erofgeluede ginn.
Am November 2011 huet Backyard seng nächst Single an den HOLTZ-Studios zu Tënten opgeholl. Bei dësen Opnamen huet de Charel Baumann säin Depart aus der Band annoncéiert. Hie gouf mam Marc 'Mulles' Muller ersat. Och de Sänger Steve Colin huet 2012 d'Band verlooss a gouf vum Larrry Bonifas ersat. Zanter September 2012 ass hir EP mam Numm Blue Coloured Night als Download disponibel an ass am Januar 2013 och als CD erauskomm. D'Titellidd ass am Fréijoer 2013 op d'N° 1 vun de Lëtzebuerger iTunes Downloadcharts komm.[1]
Zanter Januar 2016 gëtt mat enger weiderer neier Besetzung am Gesank - de Felix Götz ersetzt de Larry Bonifas - an um Bass, un deem lo de Sylvain Schrantz steet, un neiem Material geschafft.
Discographie
- The importance of the meaningless, 1994 (CD-Album)
- Back in My Life, 2011 (Single-CD)
- Blue Coloured Night, 2012 (Download), 2013 (CD)
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Luxemburger Wort Nr. 10 vum 12. Januar 2013, S.17: Backyard revient sur le devant de la scène
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
