Azoren
D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huerinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch vu klenge portugiseschen Atlantikinselen. Se le…
| Azoren (pt: Ilhas dos Açores) | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Geographie | |
| Kontinent | Europa |
| Land | Portugal |
| Läit an/am | Nordatlantik |
| Koordinaten | 38°37'26,4"N, 28°1'51,6"W |
| Fläch | 2.322 km² |
| Héchste Punkt | Montanha do Pico () |
| Verwaltung | |
| Verwaltungseenheet | Portugal |
| Haaptuert | Ponta Delgada, Angra do Heroísmo, Horta |
| Staatsleedung | |
| Demographie | |
| Awunner | 236.440 |
| Awunnerdatum | 2021 |
| Aner Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC−1, UTC±0 |
| Wärung | Euro |
| Internat. Telefonsprefix | +351 (292) |
|
| |
|
| |

D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huerinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch vu klenge portugiseschen Atlantikinselen. Se leien 1.369 km westlech vum europäesche Festland. Bis an Nordamerika (Neifundland a Labrador a Kanada) sinn et 1.930 km. D'Inselen hunn zesummen eng Fläch vu ronn 2.330 Quadratkilometer (eppes Klengs manner wéi Lëtzebuerg). São Miguel ass d'Haaptinsel.
D'Azore sinn administrativ eng autonom Regioun vu Portugal, d'Região Autónoma dos Açores, an domat en Deel vun der Europäescher Unioun. Ronn 250.000 Leit wunnen do. Geologesch gehéiere se zum Mëttelatlantesche Réck, op der Plackegrenz tëscht der Europäescher an der Afrikanescher Kontinentalplack. Déi westlechst Insele Flores a Corvo gehéieren zu der Nordamerikanescher Plack.
Inselen
Déi 9 gréisst Insele ginn an dräi Gruppe gedeelt:
- Grupo Ocidental (nordwestlech Grupp): Corvo a Flores.
- Grupo Central (zentral Grupp): Faial mat der Inselhaaptstad Horta, Pico, São Jorge, Graciosa an Terceira.
- Grupo Oriental (südëstlech Grupp): Santa Maria, d'Formigas, eng onbewunnt Inselgrupp, a São Miguel, déi gréisst Insel, där hir Haaptstad Ponta Delgada och d'Haaptstad vum ganzen Archipel ass.
De Vulkan Ponta do Pico op der Insel Pico ass mat 2.351 m den héchste Bierg vu Portugal.
Alleguer d'Insele hu vulkanesch Originnen.
Natur
Wéinst hirer isoléierter Lag gëtt et op den Azoren eng 70 endeemesch Planzenaarten. Wéinst dem fiichte Klima gëtt et eng üppeg Vegetatioun.
Geschicht
Administratioun
D'Região Autónoma dos Açores, ass an 19 Gemengen (pt: municípios) opgedeelt:
Klima
D'Azoren hunn en ozeanesch-subtropescht Klima, mat limitéierte saisonalen Temperaturvariatiounen. Zu Angra do Heroísmo sinn déi maximal Temperaturen allgemeng tëscht 16 °C am Wanter a 25 °C am Summer. D'Temperatur klëmmt seelen iwwer 25 °C, an den Hëtztrekord läit bei 29 °C am Juli 2003. De Volume vum duerchschnëttleche järlechen Nidderschlag klëmmt vun Ost no West a variéiert tëscht 700 bis 1.600 mm an engem Joer. Um Montanha do Pico - mat 2.351 m den héchste Bierg a Portugal - kann e bis zu 6.300 mm erreechen.
Den Archipel huet säin Numm dem Antizyklon vun den Azore ginn, engem Gebitt mat héijem Atmosphärendrock[1].
Ekonomie
Um Spaweck
| Commons: Azoren – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Azores climate: average weather, temperature, precipitation, when to go. www.climatestotravel.com. Gekuckt den 20.08.2021.
Content Disclaimer
Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.
- The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
- There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
- It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
- Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
- Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.
